Radioen

On air

Notturno  |  Robert Wyatt - At Last I Am Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Illegal Steiererliichterunge fir Apple: EuGH-Generalaffekot recommandéiert ee Rejugement

Irland

Illegal Steiererliichterunge fir Apple: EuGH-Generalaffekot recommandéiert ee Rejugement

An der Affär ronderëm illegal Steiererliichterunge fir Apple an Irland recommandéiert de Generalaffekot vum EuGH elo ee Rejugement. D‘EU-Kommissioun hat 2016 behaapt, datt Irland dem Betrib Apple onrechtméisseg staatlech Bäihëllefe vu bis zu 13 Milliarden Euro accordéiert hätt, well Apple däitlech manner Steieren hätt misste bezuele wéi aner Entreprisen.

auto_stories

1 min

Irland misst déi illegal Bäihëllefen zeréck fuerderen. Deen Uerder hat d‘Geriicht vun der EU awer annuléiert. D‘Kommissioun ass doropshi géint dëst Urteel virun den Europäesche Geriichtshaff gezunn.

En Urteel wäert eréischt an e puer Méint virleien. Den Avis vum Generalaffekot ass net bindend, mee meeschtens ginn d‘Riichter där Recommandatioun awer no.