arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ INLL: Et ginn net genuch Coursë fir der Demande no Lëtzebuergesch Coursen nozekommen

Sproochen

|
reading time

2 min

INLL: Et ginn net genuch Coursë fir der Demande no Lëtzebuergesch Coursen nozekommen

17.000 erwuesse Schüler:inne si bei der Rentrée des Woch um Institut national des Langues Luxembourg INLL ageschriwwen. Dat sinn der 500 méi wéi nach virun engem Joer.

reading time

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Mëttlerweil léiere beim INLL méi Schüler:inne Franséisch wéi Lëtzebuergesch. D’Demande fir béid Sprooche wier héich, erkläert d’Maisy Gorza, Direktesch vum INLL am 100,7-Interview.

Am Lëtzebuergesche kéint den INLL den Ament net genuch Coursen ubidde fir der Demande nozekommen. Als national Autoritéit fir d’Lëtzebuergescht mussen d’Enseignantë vum INLL och Léiermaterial fir d’Schoulen a Lycéeën ausschaffen a Sproochentester ubidden.

Demanden no Lëtzebuergesch klamme konstant

Besonnesch bei dëse Sproochentester wier den INLL staark gefuerdert, erkläert d'Direktesch. 

"Wou een eng Evolutioun gesäit, ass de Sproochentest fir d'Nationalitéit ze kréien. Do gesäit een och, datt do eng ganz staark Evolutioun ass, eng ganz grouss Hausse vun der Demande."

Virun aacht Joer waren et ronn 2.000 Kandidaten a Kandidatinnen. All Joer wier et eropgaangen. 

"Wou mer vu Joer zu Joer esouguer 1.000 méi Aschreiwungen haten oder 500 Aschreiwunge méi, esoudatt mer elo lescht Schouljoer op ongeféier 6.000 Aschreiwunge komm sinn. Dat ass och eng grouss Ressource, wou mir dran investéieren. Dat sinn och eis Enseignanten, déi déi Kandidate préiwen, déi déi Itemen entwéckelen, déi déi Tester à jour halen."

Den Ament schaffe 70 Enseignantë fir d’Lëtzebuergescht beim INLL, méi wéi an all anerer Sprooch. Och d'Demande un neiem Léierpersonal wier héich, seet nach d'Direktesch vum INLL.