Iwwerdeems wier d’Pilotphas vum Projet Alpha vill ze kuerz gewiescht, an nëmme véier bedeelegt Schoulen ze wéineg, fënnt d’Gewerkschaft, déi fuerdert, datt d’Gesetz nach emol ugepasst gëtt.
Et misst och "d’Vitess aus deem Ganzen erausgeholl ginn". Anescht wéi den Educatiounsministère, deen sech ausschliisslech gemëschte Klasse wënscht, schwätzt sech d’Enseignantsgewerkschaft dofir aus, datt och getrennte Klassen, déi jee op däitsch oder franséisch alphabetiséiert ginn, zougelooss ginn.
"Et sinn am Fong zwou ganz kloer Fuerderungen. Dat éischt dat ass, et graduell ze maachen, dann hätte mer och de Problem vun der Penurie vun de Schoulsäll geléist, da géife mer et do maache wou et néideg ass a wou mer och d’Gegebenheeten hätten."
Do donieft géif ee sech beim Projet méi Schoulautonmie wënschen, esou nach de Patrick Remakel. Da kéint ee selwer decidéieren, ob ee gemëschten oder getrennte Klasse géif maachen.