Radioen

On air

Spektrum  |  Dives - Be Fine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Aussoe vu Maximiliam Krah: D'AfD gouf aus der ID-Fraktioun am EU-Parlament ausgeschloss

Aussoen iwwer SS-Zeechen

No Aussoe vu Maximiliam Krah: D'AfD gouf aus der ID-Fraktioun am EU-Parlament ausgeschloss

No e puer Skandaler huet d'ID-Fraktioun am Europaparlament déi däitsch AfD elo aus hirer Fraktioun ausgeschloss. De Maximilian Krah, dee momentan scho fir d'AfD am EU-Parlament sëtzt, war viru Kuerzem nees negativ opgefall, andeems hien déi nationalsozialistesch SS an Aussoe verharmlost hat.

auto_stories

1 min

Maximilian Krah | © picture alliance/dpa | Guido Kirchner
Foto: picture alliance/dpa | Guido Kirchner

Et wier een no de sëllege Virfäll, un deenen AfD-Deputéierter bedeelegt waren, net méi wéilt mat der AfD zesummeschaffen. Dat géif dem Ruff vun deenen anere Parteien an där Fraktioun schueden, sou d'ID-Fraktioun am Europaparlament.

Gëschter um Mëttwoch hat sech schonn de franséische rietsradikale Rassemblement National vun der AfD distanzéiert an ugekënnegt, datt si am Europaparlament net méi mat der AfD wéilt zesummeschaffen. De Maxilimilan Krah selwer huet sech gëschter aus der Walcampagne zeréckgezunn an ass aus der Parteispëtzt zeréckgetrueden.

An der ID-Fraktioun si rietspopulistesch, nationalistesch a rietsextreem Parteien. Nieft der AfD an dem Rassemblement National zielen och déi italieenesch Lega an déi éisträichesch FPÖ zu dëser Fraktioun.