Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fokus an d'Europawalen: Realismus amplaz Optimismus

Déi éischt Europawale fir Fokus

Fokus an d'Europawalen: Realismus amplaz Optimismus

D’Partei Fokus rechent net fest mat engem Sëtz bei den Europawalen am Juni. Zwar wier eng Iwwerraschung méiglech, mee d’Chancë stéingen nach manner gutt wéi fir d’Chamberwalen am Oktober, trotz dem Spëtzekandidat Frank Engel.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Marc Ruppert | © Jo Diseviscourt play_arrow
Marc Ruppert (Foto: Jo Diseviscourt)

Bei den Europawalen am Juni,wier fir d‘Partei Fokus zwar eng Iwwerraschung méiglech, mee d’Chancë stéingen nach manner gutt wéi bei de Chamberwalen am Oktober, trotz dem Spëtzekandidat Frank Engel an deem senger laangjäreger Erfarung zu Bréissel an zu Stroossbuerg.

Europawäit Tendenz no riets mécht och Fokus ze schafen

Ee Grond dofir wier, datt dës Kéier vill Parteie géifen untrieden, sou de Marc Ruppert. Dowéinst géifen – senger Analys no – souguer mëttelgrouss Parteie riskéieren, nëmme schwéier ee Sëtz ze kréien. 

"Also dee Sëtz selwer ass jo relativ komplizéiert, do muss een ëm déi 10 Prozent leien. Mir gesinn op eis duerkommen, datt mir et souguer riskéieren, datt bei dësen Europawale souguer mëttelgrouss Parteien et wäerte schwéier kréien ee Sëtz ze kréien. Mir gesinn, datt mir europawäit eng gewësse riets Tendenz hunn. Wann déi sech sollt bestätegen, wäerte mir zu Lëtzebuerg och nach déi eng oder aner - fir déi da positiv, fir déi aner negativ - Iwwerraschung erliewen."

Existenz vun der Partei wier geséchert

Mee: och wann ee kee Sëtz am Europaparlament géif kréien, wier dat kee Grond fir keng Zukunft méi an der Partei ze gesinn. 

"D'Existenz ass jo sou oder sou geséchert, well mir iwwer d'Chamberwalen eng Parteiefinanzéierung kréien, an dat iwwer fënnef Joer. Do hu mir jo direkt no de Chamberwale gesot, datt mir deen Optrag, deen de Wieler eis awer trotzdeem matginn huet, mat den iwwer 2 Prozent, datt mir deen unhuelen, datt mir eis Partei weiderentwéckelen, programmatesch an se awer och wëlle professionell opstellen, net en vue vun den Europawalen, mee en vue vun den nächste Chamberwalen a Gemengewalen."

Den Zoulaf an der Partei wier nach ëmmer "ganz okay", esou de Marc Ruppert. Iwwert déi lescht Woche wieren ëmmer nees nei Memberen dobäikomm.

Rezent Diskussiounen "eng perséinlech Campagne" géingt de Frank Engel

Egal wéi, géif Fokus hir eegen Zukunft awer och net vum Resultat am Juni ofhängeg maachen, seet de Marc Ruppert. Datt geplangt ass, dem Frank Engel fir seng Aarbecht fir d‘Partei eng Bezuelung ze accordéieren, gesäit de Marc Ruppert net als problematesch, am Géigendeel. Dat géif am Ausland scho laang gemaach ginn. Hie gesäit an der rezenter Diskussioun do ronderëm eng Campagne géint de Frank Engel perséinlech.


Lauschterenplay_arrow