Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och d'Oppoisitiounsparteie sollte Vertrauen an den Ombudsman hunn

Claudia Monti

Och d'Oppoisitiounsparteie sollte Vertrauen an den Ombudsman hunn

Wann de Message gewollt wier, datt e politesche Kandidat géif Ombudsman ginn, da géifen d’Regierungsparteie selwer e Kandidat proposéieren. Dat mengt d'Claudia Monti de Moie bei eis als Invitée vum Dag. D’Ombudsman vu bis elo zitt no 8 Joer als Mediatrice de Bilan.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

Claudia Monti | © Michelle Barthel play_arrow
Claudia Monti (Foto: Michelle Barthel)

Souwuel hir Virgänger, wéi d'Claudia Monti selwer an elo och hir Nofollgerin, d'Claudine Konsbrück mat enger CSV-Parteikaart, hunn eng Parteikaart vun enger vun de Regierungsparteien. Si géif awer net mengen dass, et ëm d'Proximitéit zu der Regierung géif goen, ënnersträicht d’Claudia Monti. 

Den Androck kéint awer duerchaus entstoen, mengt d'Claudia Monti. 

"Et muss ee sech och ukucken, wéi d'Leit gewielt gesinn. D'Claudine huet eng immens Majoritéit kritt. Wann dat nëmmen de Majoritéitskandidat wier, hätt et et ganz schwéier. Also do muss schonn eng gewësse Confiance sinn an déi Persoun, déi gewielt gëtt."

Och vun den Oppositiounsparteien, ennersträicht d'Claudia Monti. Aus dem einfache Grond, datt an de Ministèren net nëmme Leit schaffen, déi eng Partei kennen, déi grad un der Majoritéit ass. Et wär schlecht, wann dat de Fall wär, sou nach d'Claudia Monti.

Et géif hir iwwerdeems leet doen, dass hiert Mandat vun 8 Joer schonn eriwwer ass.

Lauschterenplay_arrow