Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Huthi-Rebellen aus dem Jemen attackéieren US-amerikanescht Fligerschëff

Noen Osten

Huthi-Rebellen aus dem Jemen attackéieren US-amerikanescht Fligerschëff

D'Huthi-Rebellen aus dem Jemen hunn de Sonndeg den Owend an an der Nuecht op e Méindeg zwou Attacken op d'US-amerikanescht Fligerschëff Harry Truman am Roude Mier revendiquéiert.

auto_stories

1 min

D'Fligerschëff Harry S. Truman | © picture alliance / dpa | Fabrizio Bensch
D'Fligerschëff Harry S. Truman (Foto: picture alliance / dpa | Fabrizio Bensch)

Dat wier mat Rakéiten a mat Dronen ugegraff ginn, an engem Asaz, deen e puer Stonne gedauert hätt, esou d'Rebellen. D'USA hunn iwwerdeems ugekënnegt, mat hiren Attacken op d'Huthi-Rebellen um Festland weidergefuer ze sinn. An der Nuecht op e Méindeg eiser Zäit wier et zum Beispill zu zwou Loftattacken op d'Hafestad Hudaida komm, déi iwwer 200 Kilometer vun der Haaptstad Sanaa ewech läit.