De Pieter Omtzigt, Chef vun där Partei, hat matgedeelt, sech net wëllen un enger Regierung ze bedeelegen. Déi aner dräi Parteien hunn am Parlament keng Majoritéit.
Dem Geert Wilders seng anti-Islam-Partei PVV hat bei de Parlamentswalen, Enn November, 37 vun den 150 Sëtz am Parlament kritt. Zesumme mat der rietsliberaler VDD-Partei vum demissionäre Premier Mark Rutte, der rietser Protestpartei BBB an der NSC vum Pieter Omtzigt wollt de Geert Wilders eng Koalitioun op d’Bee stellen.
Schlecht Staatsfinanze wieren de Grond
Gëschter hunn déi dräi aner Parteien de Réckzuch vum Pieter Omtzigt schaarf kritiséiert an eng Erklärung verlaangt. Deen hat seng Decisioun domat begrënnt, datt hien ze spéit iwwert déi schlecht Situatioun vun de Staatsfinanzen informéiert gi wär. De Geert Wilders huet vun engem Virgang ouni Respekt geschwat. Et hätt ee gutt a konstruktiv Gespréicher gefouert, an hie géif dat alles net verstoen, huet de Rietspopulist zu Den Haag erkläert.
Dobäi hate sech d’Koalitiounsverhandlunge vun Ufank un an engem schlechte Klima ofgespillt. D’Parteicheffen haten op de soziale Medien ëmmer nees géintenee geschoss. De Pieter Omtzigt hat sech zum Beispill besuergt gewisen iwwert de Manifest vum Geert Wilders, an deem ënner anerem steet, datt Holland aus der EU austriede soll.
Minoritéitsregierung eng Optioun
De Pieter Omtzigt wier awer bereet, eng Minoritéitsregierung ze ënnerstëtzen. Dat wier eng Méiglechkeet, nieft där, datt en anere probéiere géif, eng Regierung ze forméieren. D’Lénksparteien, mat un der Spëtzt der Partei GroenLinks vum Ex-EU-Kommissär Frans Timmermans, hu schonn ugekënnegt, datt si sech dat virstelle kéinten, mee och si hu keng Majoritéit am Parlament.
Zur nächster Etapp kënnt et um Ufank vun der nächster Woch, wann den zoustännege Sondeur dem Parlament säi Rapport iwwert d’Verhandlunge virleeë soll. Dono decidéiert d’Parlament dann iwwer weider Schrëtt zur Regierungsformatioun.