Eleng am südleche Viruert vu Beirut hu sech Dausenden Unhänger vun der Schiitenorganisatioun versammelt mat Hisbollah- a Palestina-Fändelen a Fotoe vum Hisbollah-Chef fir d‘Ried ze lauschteren.
Den Hisbollah-Chef huet d‘Terrorattack vun der Hamas gelueft. D‘Decisioun fir dësen Asaz wier couragéis a wier am richtege Moment komm, esou den Nasrallah. Déi pro-iranesch Hisbollah, déi mat der palestinensescher Hamas alliéiert ass, huet gëschter 19 Attacken aus der Loft op israeelesch Positioune lancéiert. Israel huet mat enger staarker Géigenattack reagéiert. Dobäi wieren der libaneesescher Informatiouns-Agence no véier Leit am Libanon ëm d‘Liewe komm.
Wéi déi palestinensesch Gesondheetsautoritéit, déi vun der Hamas kontrolléiert gëtt, schreift, wiere bis ewell iwwer 9.200 Mënschen an der Gazasträif duerch israeelesch Bombardementer ëm d‘Liewe komm. Den amerikaneschen Ausseminister ass haut iwwerdeems fir eng weider Visitt an Israel. Hien hätt bei sengem Treffe mat Regierungsvertrieder zu Tel Aviv ausféierlech iwwer eng méiglech humanitär Wafferou diskutéiert, esou den Antony Blinken.