Radioen

On air

9 bis 1  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Love Is A Rich Man

play_arrow Live
search

/ Hëllefsliwwerungen an d‘Gazasträif hunn zougeholl

Noen Osten

Hëllefsliwwerungen an d‘Gazasträif hunn zougeholl

An der Gazasträif huet Israel méi Camione mat humanitärer Hëllef eragelooss. 468 Camione wiere gëschter an d'Gazasträif gefuer fir humanitär Hëllef ze liwweren, seet Israel.

auto_stories

1 min

Dat wier déi héchsten Zuel zanter dem Ufank vum Krich. D‘USA hu confirméiert, datt d‘Hëllefsliwwerungen däitlech zougeholl hätten. Den amerikanesche President Joe Biden huet iwwerdeems weider Kritik un der israeelescher Offensiv an der Gazasträif geäussert.

An engem Interview mam amerikanesche Sender Univision sot den Joe Biden, den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu géif e Feeler maachen.

Gëschter hat Israel annoncéiert, datt en Datum fixéiert gi wier fir déi ëmstridde geplangten Offensiv op d‘Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif. Als Virbereedung dorop keeft Israel 40.000 Zelter fir Honnertdausenden Zivilisten ënnerzebréngen, déi aus Rafah missten evakuéiert ginn.