Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hëllef vun der FEDAS gouf deemools ignoréiert

Caritas-Affär 

Hëllef vun der FEDAS gouf deemools ignoréiert

Kuerz nodeems de Caritas-Finanzbedruch de leschte Juli bekannt gi war, hat d'FEDAS (Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg ASBL) den zoustännege Ministèren hir Hëllef offréiert. Dat war no der Sëtzung vun der Chamberspezialkommissioun Caritas de Méindegnomëtte gewuer ze ginn. Et hätt awer bis den Dezember d'lescht Joer gedauert, bis et zu enger Reunioun vun de Ministèrë mam Patronatsverband vun den Acteuren aus dem soziale Secteur koum. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den zentralen Acteur FEDAS hätt seng Hëllef ugebueden, dat wier awer vun der Regierung a vum Krisecomité net consideréiert ginn, huet de lénken Deputéierte Marc Baum festgestallt.

"Da muss ee sech awer wierklech d’Fro stellen, iwwer d’Efficacitéit an de Wëlle wierklech seriö Léisungen an där doter Kris ze fannen."

D'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding weist sech erschreckt. D'FEDAS hätt d'Hand ausgestreckt fir ze hëllefen a keen hätt reagéiert.

Feedback eréischt no der Decisioun fir HUT ASBL

D'Regierung wier net wierklech interesséiert gewiescht, fir Léisungen ze fanne fir d'Caritas ze erhalen, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.

Am ganze Prozess wier d'Patronats-Federatioun FEDAS net involvéiert gewiescht, huet hire Generalsekretär Thomas Lentz no der Sëtzung vun e Méindeg confirméiert. Feedback hätt een eréischt krut, nodeems d'Decisioun vun enger HUT ASBL scho geholl gi war. 

D'ASBL "Hëllef um Terrain" HUT war de leschten Hierscht an der Suite vun der Caritas-Affär gegrënnt ginn, fir een Deel vun den Aktivitéiten a vum Personal ze iwwerhuelen.

Zesummenaarbecht schéngt elo méiglech ze sinn

D'Fondatioun Caritas a Caritas Accueil et Solidarité hätten am Januar hir Memberschaft bei der FEDAS gekënnegt, esou nach de Generalsekretär Thomas Lentz. D'Nofollger-ASBL "Hëllef um Terrain" wier de Moment kooptéiert: déi final Akzeptatioun vun der Memberschaft soll bei der FEDAS-Generalversammlung geschéien.

An de Patronatsverband FEDAS huet een 10-Punkte-Programm ausgeschafft, fir de Secteur méi resilient a Fäll vu Krisen ze maachen. Déi zoustänneg Ministèrë wieren Enn Februar "extreem positiv" op d'Virschléi agaangen, esou den Thomas Lentz. D'Zil wier elo, datt virum 1. Mee ee "Protocole d’entente" soll ënnerschriwwe ginn, fir d'Ëmsetzung vun de Punkten, huet de Vertrieder vum Verband vun den Acteuren aus dem soziale Secteur ugekënnegt.

D'Chamberspezialkommissioun Caritas schwätzt iwwerdeems um Mëttwoch mat de Vertrieder vum Bistum.

Lauschterenplay_arrow