Radioen

On air

Notturno  |  Jimi Hendrix - The Wind Cries Mary

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héichwaasser: Situatioun bléift kritesch

Däitschland

Héichwaasser: Situatioun bléift kritesch

A groussen Deeler vun Däitschland bleift d‘Situatioun vum Héichwaasser kritesch. Bei der Stad Bremen ass en Damm gebrach, Dosende Leit hunn hir Haiser misse verloossen. Zu Dresden soll d‘Elbe haut iwwert d‘6-Meter-Mark klammen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Lars Penning
(Foto: picture alliance/dpa | Lars Penning)

A groussen Deeler vun Däitschland bleift d‘Situatioun vum Héichwaasser kritesch. Bei der Stad Bremen ass en Damm gebrach, Dosende Leit hunn hir Haiser misse verloossen. Zu Dresden soll d‘Elbe haut iwwert d‘6-Meter-Mark klammen. 

Fir Waasser oflafen ze loosse gouf déi sougenannte Pretziner Wehr fir d‘éischte Kéier zanter zéng Joer opgemaach.

A Niedersachsen ware bis gëschter Owend 300 Awunner an der Gemeng Winsen aus hire Wunnengen evakuéiert ginn. E puer Landkreesser a Niedersachsen hunn déi éischt Stuf vum Katastrophen-Alarm declenchéiert, doduerch ka méi séier Hëllef disponibel gemaach ginn.

Haut soll et manner reenen, mee duerno ass nees staarke Ree fir de Norden a Nordweste vun Däitschland gemellt.