Radioen

On air

Tockcity  |  Roller Derby - Last Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst dem Héichwaasser: Ënnerierdesche Passage vum Mamer Lycée iwwerschwemmt

National

Wéinst dem Héichwaasser: Ënnerierdesche Passage vum Mamer Lycée iwwerschwemmt

Wéinst dem Héichwaasser aus de leschten Deeg gouf den ënnerierdesche Passage beim Zucharrêt vum Mamer-Lycée iwwerschwemmt, mellt d‘CFL.

auto_stories

1 min

 

Dobäi wieren ënnert anerem elektresch Installatiounen, wéi d‘Luuchten an d‘Afficheuren, beschiedegt ginn. Et géif dru geschafft ginn, fir de Passage nees propper ze kréie bis d‘Rentrée e Méindeg, méiglecherweis géif een dat awer net packen. Dee Moment wäert e Bus en place gesat ginn, deen tëscht der Gare zu Bartreng an dem Arrêt Josy Barthel zu Mamer fiert. D‘CFL rappeléiert, datt et och e Schoulbus gëtt, dee vun der Stater Gare aus op Mamber fiert, an och eng partie RGTRs-Bussen, déi op der Stäreplaz fortfueren.

Alleguerten d‘Pegelen op der Sauer, der Uelzecht an der Musel sinn iwwerdeems amgaang ze falen, huet d‘Waasserverwaltung de Muere matgedeelt. Well d‘Waasserstänn awer plazeweis nach ëmmer héich sinn, soll ee virsichteg si bei Aktivitéite ronderëm Gewässer.


Den aktuelle Stand vun den Entwécklungen: MeteoLux an inondations.lu