Den zoustännegen EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, huet zu Stroossbuerg am Europaparlament een Aktiounsplang presentéiert.
Am 100,7-Interview huet de Christophe Hansen erkläert, datt d'Zil vum Aktiouns wier, d'Bauere wéinst der Hausse vun de Präisser vum Stéckstoffdünger finanziell ze ënnerstëtzen. Et wéilt een och d'Suen aus der Reserve agricole zeréckgräifen, esou de Christophe Hansen, also eppes iwwer 200 Milliounen Euro.
"Mir ginn dovun aus, datt mir déi nach op d'mannst dubléiere kéinten. Mir wäerten ëm déi hallef Milliard Suen an de Grapp kënnen huelen, fir de Baueren direkt finanziell ënner d'Äerm ze gräifen."
Et kéint een awer och op Suen aus der gemeinsamer Agrarpolitik, wou verschidde Suen net genotzt géife gi vu Memberstaaten, zeréckgräifen, esou nach de Christophe Hansen.
Hausse vu 70 Prozent beim Stéckstoff-Dünger
D’Hausse vun de Präisser vun den Düngemëttelen deet wéi. Nodeems d’Strooss vun Hormus zougoung ass, sinn d’Präisser nach emol an d’Luucht gaangen. Den Donnéeë vun der Kommissioun no hu Stéckstoff-Dünger am Abrëll ronn 70 Prozent méi kascht par rapport zur Moyenne am Joer 2024.
Den EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, hat Enn Abrëll annoncéiert, hie géing zousätzlech finanziell Hëllefe fir d’Baueren envisagéieren. Baueren-Organisatiounen ewéi den europäeschen Daachverband Copa-Cogena haten dee finanzielle Support gefuerdert. Déi erhofft Finanzsprëtz fir d’Baueren awer kënnt elo nach net direkt.
D’Kommissioun huet haut zwar een “exzeptionellen” an ee “geziilte” Support annoncéiert, dobäi awer keng konkret Montante genannt.
Et géife Moyenen aus Instrumenter aus der Europäescher Agrarpolitik zur Verfügung gestallt ginn, heescht et an engem Pressecommuniqué. D’Sue sollen aus der landwirtschaftlecher Reserve kommen. D’Kommissioun schwätzt vun engem “substanzielle Montant”.
EU-Agrarpolitik: Suen sollen aus landwirtschaftlecher Reserv kommen
De geneeë Finanzplang soll am Juni presentéiert ginn. D’Sue sollen aus der Reserv vun der Gemeinsamer Agrarpolitik kommen. Do wieren nach 200 Milliounen Euro dran, esou de Christophe Hansen. Dee Montant kéint, wann d’Parlament an d’Memberlänner d’Accord sinn, verduebelt ginn.
Mesuren ewéi Douanestaxen op Importer vun Düngemëttelen aus Russland a Belarus op Äis leeën oder awer eng Paus bei der europäescher CO2-Steier op Importer aus Net-EU-Länner aleeën, esou wéi se Copa-Cogena gefuerdert hat, si politesch komplizéiert.
D’CO2-Steier op Äis ze leeë géif déi Produzente bevirdeelegen, déi net an der EU sinn an ënner manner strenge Konditioune produzéiere kënnen, sot de Christophe Hansen am Parlament zu Stroossbuerg. Dat wier kontraproduktiv en Vue vum Zil, d’EU méi onofhängeg vun Importer ze maachen, esou den CSV-Politiker.
Méi onofhängeg vun Düngemëttel-Importer ginn
Dee Plang gesäit eng Partie méi laangfristeg Mesurë vir, fir d’Baueren an der EU méi onofhängeg vun Importer vun Düngemëttelen ze maachen. Den Aktiouns-Plang vun der Kommissioun geet an déi richteg Richtung, mee et geet laang net duer.
Dat waren d’Commentairen aus der Plenière zu Stroossbuerg vu Vertrieder:inne vu verschiddene Parteien.
Lauschtert hei den Interview mam EU-Kommissär Christophe Hansen am Moiesstudio