Mat enger ganz kämpferescher Ried huet den Nicolas Schmit, Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialisten, d’Leit am Sall ëmmer nees zum Klappe bruecht. Den EU-Kommissär, dee sech als 7. Kandidat vun der LSAP gesäit, huet senger Partei d’Zil virginn, op d’mannst ee Sëtz bäizegewannen, wat méiglech wier.
“Ee Sëtz méi pro Land, an d’Sozialiste sinn déi stäerkste Kraaft: Loosse mer zu Lëtzebuerg ufänken.”: Dat waren d’Wierder vum Nicolas Schmit um Enn vu senger Ried vun eppes méi wéi 20 Minutten. Den europäesche Spëtzekandidat ass ënner anerem op déi 100 Milliounen aarm Leit an Europa agaangen, fir déi d’Wunnengsproblematik eng vun de Suerge wier.
„D’Leit erwaarde vun eis eng konkret Aktioun, finanziell Ënnerstëtzung, fir méi Wunnengen ze bauen, a besonnesch de Wunnengsbau aus dem Machtdenken, aus der Dominanz vu Maart a Profitgier erauszehuelen.“
"Chrëschtlech Wäerter bei der LSAP besser opgehuewen"
Dem EU-Kommissär no brauch et och eng fair Besteierung vu Mënschen a Betriber. Den Nicolas Schmit sot donieft, datt ee mat extrem rietse Parteien ni Allianze géif agoen. Virum Hannergrond vum Heescheverbuet hei am Land war et d’Ausso, datt chrëschtlech Wäerter bei de Sozialiste besser opgehuewe wiere wéi bei deenen, déi se vergiess hätten a se verrode géifen.
D’Co-Spëtzekandidatin Danielle Filbig huet ervirgestrach, datt een et an Europa nees mat Diktatoren ze dinn hätt. Dobäi wier dat bescht Europa dat vum Fridden. Wat och bedeite géif, datt een als LSAP geschlossen hannert der NATO an der UNO stéing.
Marc Angel: D'EU braucht d'Sozialisten
Europa brauch e waarmt a rout Häerz, huet den Europadeputéierte Marc Angel gemengt. Dem Co-Spëtzekandidat no wier et dann och wichteg, Europa sozial ze gestalten. D‘Sozialiste stéingen an deem Kontext fir besser Aarbechtskonditioune fir all Salarié.
“Et däerf net sinn, datt mer eng Technologie vum 21. Joerhonnert ausnotzen an datt Leit mat Aarbechtskonditioune vum 19. Joerhonnert schaffen. Dat wëlle mer net, an dofir wäerte mir an Zukunft suergen.“
De Lëtzebuerger Sozialmodell wier en Erfolleg, an dee Modell sollt och an Europa agefouert ginn, zesumme mam Nicolas Schmit, sou nach de Marc Angel.