Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Heeschpelter Mordprozess: Fuerderung fir 25 Joer Prisong fir d'Ugekloten

Justiz

Heeschpelter Mordprozess: Fuerderung fir 25 Joer Prisong fir d'Ugekloten

Am Heeschpelter Mordprozess goufen am Méindegnomëtten um Dikrecher Geriicht 25 Joer Prisong, fir d’Ugeklote gefuerdert. Ee groussen Deel dovun ouni Sursis.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Eric Ewald play_arrow
Foto: Eric Ewald

Am Prozess geet et ëm e Virfall vu Februar 2022 an der haiteger Gemeng Groussbus-Wal. Eng haut 41 Joer al Fra hat hiren deemools 56 Joer ale Mann op d'mannst 6 Mol mat engem Hummer op de Kapp geschloen. D'Affer war net direkt gestuerwen a seng Läich gouf eréischt am Mäerz am Keller vu sengem Haus fonnt.

"Ech bereie wat ech gemaach hunn. Ech wollt hien net doutmaachen." Dat sot d'Fra de Méindeg, zum Deel esou ënner Tréinen, datt ee si knapps nach verstanen huet. Si wier verzweifelt gewiescht an hätt net méi gewosst, wat si maache sollt. Si hätt d'Dot net geplangt, a si wéisst net, firwat si hien an de Keller gestouss huet.

D'Affer wier mat Hëllef net ouni Chancë gewiescht

Do virdrun hat de Geriichtsmedezinner erkläert, bei der Autopsie vum Affer eng Rei Bréch festgestallt ze hunn. Déi hätten op de Gebrauch vun engem Hummer gepasst. De Mann wier duerch d'Schléi domat gestuerwen, awer net direkt, mee hätt nach eng Zäitche gelieft. Op eng Fro dozou sot de Rechtsmedezinner, datt d'Affer, wann direkt Hëllef geruff gi wier, net ouni Aussiichte gewiescht wier, fir ze iwwerliewen.

De Parquet gesäit d'Absicht fir ee Mënsch ëmzebréngen

Vun engem Mordfall, deen duerch Grausamkeet a Kalbliddegkeet ervirstécht, huet de Vertrieder vum Parquet geschwat. D'Dot wier brutal gewiescht, an esou dierft kee Liewewiese stierwen. Déi Beschëllegt hätt duerno weidergelieft, wéi wann näischt geschitt wier a géif kee richtegt Bereie weisen, nach haut net. "Wann een ee 6 Mol mat sou engem Hummer op de Kapp schléit, da wëllt een deen doutmaachen!“, huet de Procureur gemengt, fir dee Mord zeréckzebehalen ass, well d'Fra de Mann hätt wëlle lassginn. Wat d'Fro no der Scholdfäegkeet ugeet, war déi Ugekloten dat an den Ae vum Psychiater, och wann hiert Urteelsverméigen zur Zäit vun der Dot limitéiert war. Op Grond dovu sollten ebe 25 Joer Prisong gesprach ginn, e groussen Deel dovun ouni Sursis. Eng Oplo beim Sursis géif an der konstanter psychiatrescher Behandlung vun der Fra bestoen.

D'Defense plaidéiert op Onzourechnungsfäegkeet

Fir de Me Biltgen, Affekot vun der Fra, ass seng Cliente krank. De Fait, datt si sot, d'Affer hätt vum Keller aus nach mat hir geschwat, géif op eng komplett Onzourechnungsfäegkeet hiweisen. Hiert Urteelsverméige wier opgehuewe gewiescht, soudatt si net scholdfäeg war. Vu Mord kéint och keng Rieds sinn, well sech alles a ganz kuerzer Zäit ofgespillt hätt. D'Fra sollt dann och amplaz vum Prisong an d'Psychiatrie kommen.

Lauschterenplay_arrow