Nieft dem Europawalkampf steet do virun allem d‘Erneierung vun der Présidence am Virdergrond. Wéi d‘Lëtzebuerger Wort haut mellt, wier de Premier Luc Frieden den eenzege Kandidat fir dëse Posten. Hie wier dee Moment den éischten CSV-Staatsminister, deen och un der Spëtzt vun der Partei stéing. Et sollt och keng Duebelspëtzt méi ginn, ma e Parteipresident an zwee Vizepresidenten. Déi Poste sollten d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an den Escher Buergermeeschter Christian Weis iwwerhuelen.
Eis Journaliste melle sech a Panorama um 12 Auer live vun deenen zwee Kongresser.
Muer stinn dann nach d‘Kongresser vun der LSAP zu Mamer an der ADR zu Gréiwemaacher um Programm.