Dee Rover mam Numm “Tenacious” ass 26 Zentimeter héich, 31,5 Zentimeter breet, 54 Zentimeter laang a weit eng 5 Kilogramm. Um 11 Minutten op 7 goung hien op seng Rees, an zu Hollerech bei ispace Europe gouf matgeféiwert.
Kuerz viru véierel op 7 war den éischte grousse Moment vum Moien, géint véierel vir 9 dunn deen zweeten, wéi sech de sougenannte Lander, an deem de Rover dran ass, am Weltraum entfaalt huet. Zur Arrivée um Mound wäert et awer net sou séier kommen, erkläert de Marc Serres, Chef vun der Lëtzebuerger Weltraumagence.
"Si hunn elo keng offiziell Chiffere kommunizéiert, mee dat wäert tëscht 3 a 4 Méint daueren, bis dass de Lander ukënnt. Fir eis wäert da wierklech dat Spannend ufänken."
Weider Entreprisen op Lëtzebuerg zéien
Fir de Marc Serres ass den Dag vun haut wuel e wichtege fir d’Lëtzebuerger Weltraumaktivitéiten, awer just ee vun e puer. De Moment wieren eng Dosen Entreprisë vun hei am Beräich space resources aktiv. An den nächste Jore wieren déi éischt da prett, fir kommerziell Aktivitéiten ze verkafen. Dem Chef vun der Lëtzebuerger Weltraumagence no ass et wichteg, datt sech de Secteur weider entwéckelt. Well vun 10 Start-Uppe sinn no enger gewësser Zäit keng 10 méi iwwereg. Dofir wier et och weider wichteg fir nei Acteuren op Lëtzebuerg ze kréien, sou de Marc Serres.
De Premier Luc Frieden huet weidere Support vun der Lëtzebuerger Regierung zougesot, dee beim Entfale vum Lander dobäi war. Virun deem Hannergrond reest de Premier an 3 Wochen a Japan, wéi hien de Moien ugekënnegt huet. Elo awer wier e Stéck Lëtzebuerg um Wee op de Mound, mam Rover, deen hei am Land entwéckelt an zesummegesat gouf.
"Dat ass schonn eng nei Etapp an der lëtzebuergescher Weltraumgeschicht, déi ugefaangen huet mat der SES, viru laange Joren."
Déi nächst ass emol d’Sammele vu Moundstëbs duerch de Rover.