Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
search

/ Gesetzesprojet fir d'Aarbechtskonditiounen am sozioedukative Beräich gouf ugeholl

Harmoniséierung vun den Aarbechtskonditiounen

Gesetzesprojet fir d'Aarbechtskonditiounen am sozioedukative Beräich gouf ugeholl

D’Harmoniséierung vun den Aarbechtskonditiounen an eng Definitioun vun den Tâchë vum Personal am psychosozialen an edukative Beräich. Dat ass d’Zil vun engem Gesetz, dat gëschter an der Chamber vun de Majoritéitsparteie gestëmmt gouf.

auto_stories

1 min

Educatioun | © Bigstock / jd8

Well d’Tâchë vun deene Leit dacks vun enger Institutioun oder vun enger Schoul ofgehaangen a riskéiert hu ganz ënnerschiddlech ze sinn, goung et drëms déi selwecht Aarbechtskonditioune fir all d’Mataarbechter:inne festzeleeën.

Am Gesetz sinn zwou Kategorien definéiert. Engersäits déi Leit, déi mat de Schüler:inne mat spezifesche Besoine schaffen. Déi mussen 30 Stonnen d’Woch assuréieren a kréie Preparatiounsstonnen accordéiert.

An déi zweet Kategorie betrëfft déi, där hir Tâchen net onbedéngt a Presenz vun de Kanner muss gemaach ginn. Eng gréisser Kritik gouf et, well den Educatiounsminister een Accord fonnt hat mat dräi Ënnerorganisatioune vun der CGFP. Awer net mat de concernéierte Mataarbechter:inne vun der APCCA, déi sech dem SEW-OGBL ugeschloss haten.

Si haten am Virfeld vum Vott vu gëschter an der Chamber dee Gesetzesprojet kritiséiert, well e guer net der Realitéit um Terrain entsprécht.

Lauschterenplay_arrow