Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Caroline Kingsbury - Alabama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Harcèlementsvirwërf géint d’Monica Semedo: Fokus kritiséiert d'Europaparlament

Europawalen

Harcèlementsvirwërf géint d’Monica Semedo: Fokus kritiséiert d'Europaparlament

An der Affär ëm Harcèlementsvirwërf géint d’Monica Semedo kritiséiert d’Partei Fokus, datt d’Europaparlament Transparenz onméiglech mécht.

auto_stories

1 min

En Donneschden an e Freiden hätt d’Europadeputéiert an E-Mailen un d’Häerz geluecht kritt, d’Confidentialitéit zu deene Reprochen net ze briechen. Dobäi wier vun Anere wéi dem Monica Semedo ewell kommunizéiert ginn.

Fokus huet haut an enger Äntwert op déi E-Maile gemengt, sou Affäre sollte virum Europäesche Geriichtshaff landen. D’Geriicht um Kierchbierg kéint sech eventuell och am Abrëll oder am Mee mat dëser Affär befaassen.

Wat hir zweet Affär vun 2022 ugeet, huet d’Monica Semedo Harcèlementsvirwërf vehement contestéiert. Géint eng éischt Sanktioun wier si net an Appell gaangen, well si dat hätt wëllen hannert sech bréngen, a wichteg Persounen an der DP wieren och fréi iwwert déi Reprochen informéiert gewiescht.