Entretemps géifen d’Gespréicher mat engem eventuelle Repreneur lafen. Véier Konzerner hate sech ugebueden, an dovunner wieren zwee Dossieren nach an der Diskussioun.
De Liquidateur huet annoncéiert, datt iwwer 60 Geschäfter nach géife bestoe bleiwen. Dat ass just een Drëttel vun de Geschäfter, déi et aktuell nach gëtt. 12.800 Salariéë riskéieren hir Plaz ze verléieren.