Radioen

On air

Moiesstudio  |  Sans Soucis - Dancing On This

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Häerzkreeslafkrankheete bleiwen d'Haaptdoudesursaach zu Lëtzebuerg

Nei Statistike vum Gesondheetsministère

Häerzkreeslafkrankheete bleiwen d'Haaptdoudesursaach zu Lëtzebuerg

D‘Haaptdoudesursaach zu Lëtzebuerg sinn Häerzkreeslafkrankheeten, duerno kommen Tumeuren. Dat geet aus aus den neie Statistike vum Gesondheetsministère ervir. 1.104 Mënsche sinn d‘lescht Joer u Kreeslafproblemer gestuerwen. Dat ass méi wéi ee Véierel vun all den Doudesfäll hei am Land.

auto_stories

1 min

© Cstock / Bigstock
(Foto: Cstock / Bigstock)

Direkt hannendrun kënnt Kriibs als Doudesursaach. Bei de Männer ass Longekriibs Haaptdoudesursaach, bei de Frae Broschtkriibs.

U Covid-19 sinn d‘lescht Joer 225 Persoune gestuerwen. Dat sinn der Hallef esou vill wéi d‘Joer virdrun.

Am Ganze sinn d‘lescht Joer 4.283 Mënschen zu Lëtzebuerg gestuerwen. Dat sinn der 55 manner, wéi d‘Joer virdrun. An der Moyenne stierwen 12 Mënsche pro Dag an den Dezember war dee Mount, an deem déi meescht Leit gestuerwe sinn.

D‘Frae ginn an der Moyenne 82 Joer al an d‘Männer 74.