Béid Parteie stëmmen iwwer hire jeeweilege Presidentschaftskandidat of. Am Summer gëtt dann op Kongresser de Kandidat festgeluecht. Bei de Republikaner sti sech de fréieren US-Präsident Donald Trump an déi fréier Botschafterin bei de Vereente Natiounen Nikki Haley géigeniwwer, den Trump läit allerdéngs ganz däitlech vir. Bei den Demokraten ass den 81 Joer alen aktuelle Präsident Joe Biden sou gutt wéi ouni Konkurrenz.
Gëschter hat den ieweschte Geriichtshaff an den USA decidéiert dat den Donald Trump och am Colorado kéint kandidéieren. Dat lokaalt iewescht Geriicht hat dat refuséiert, well den Trump fir d‘Attack op d‘Kapitol responsabel war, ma de Supreme Court ass der Meenung, datt nëmmen de Kongress esou eng Decisioun kéint huelen. Op d‘Virwërf selwer sinn déi iewescht Riichter net gaangen.