Radioen

On air

Notturno  |  Son Lux - Prophecy Feat. Nina Moffitt

play_arrow Live
search

/ Verflecht Begéinungen duerch de Raum an duerch d‘Zäit

Guy Helminger - Das Geräusch der Stillleben

Verflecht Begéinungen duerch de Raum an duerch d‘Zäit

A sengem Buch „Das Geräusch der Stillleben“ (capybarabooks) erzielt de Guy Helminger net just eng ganz Rei Kuerzgeschichten, hie verbënnt seng Figuren op ganz ënnerschiddlech Manéieren.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Datt e “Stillleben” u sech keng Geräischer mécht, ass wuel jidderengem bewosst. Dëse Widdersproch am Titel zitt sech dann och duerch déi 23 Geschichten, déi de Guy Helminger an dësem Band zesummebruecht huet. Engersäits steet all eenzel Erzielung fir sech, dann awer, begéint een den eenzele Figuren aus de verschiddene Geschichten ëmmer erëm.

U sech näischt Neies, vill Schrëftsteller:inne schaffe mat dëse Spillereien, beim Guy Helminger geet et awer nach méi wäit. Seng Protagonist:innen dauchen net nëmmen an anere Geschichte rëm op, si sinn dann an engem aneren Alter, op enger anerer Plaz, an enger anerer Zäit an enger neier Situatioun, an enger anerer Roll – oder an der selwechter Roll, mee mir hu se net direkt erkannt?

En Alter-Ego vun engem Alter-Ego?

Oder einfach déi verschidde Vuen, déi ee vu baussen op e Mënsch huet, an da gëtt et och nach déi eege Perceptioun vu sech selwer.

Eng rätselhaft Rees

Dem demente Papp säi Fils, deen an enger Geschicht eng Nieweroll huet, ass de Protagonist op enger verréckter Rees a Kroatien, déi erëm fir sech net richteg ze faassen ass, e verdächtege a geheimnisvollen Ahmet, dee sech als harmlosen a sympatheschen Zigaretteverkeefer entlarvt, grad wéi eng Wahrsagerin, déi engem keng Zukunft viraus seet...

Eng Rees duerch Raum an Zäit, mat skurrillen onerklärlechen Evenementer a Momenter, Situatiounen, déi net just de Liesenden, mee och de Figure Rätselen opginn.

En Dram oder eng Fantasie? E Rausch oder einfach... Guy Helminger?

Well Lëtzebuerg a Köln, Reesen duerch d’Welt an Autoreresidenzen - all dat ass bezeechent fir dëse Schrëftsteller, deen, wéi mer et och scho vun him kennen, och eng Figur – oder vill Figuren ? – an dësem Recueil ass.

Ënnerhalung op héchstem Niveau

An och wann dës Erzielungen op den éischte Moment irrational eriwwerkommen, de Helminger eng Welt zesummestellt, wou uewen ënnen an ënnen uewen ass, ass et eng zerbriechlech Welt mat vulnerabele Perséinlechkeeten, déi a Situatioune geroden, déi si iwwerfuerderen, wou se sech verléieren, net méi weider wëssen, d’Welt ronderëm sech net begräifen. Einfach, well alles an engem Kontext steet, alles e Zesummespill vu verschiddenen Ëmstänn an Doten ass. An zum Schluss stréckt den Auteur all déi lass Ficellen zesummen...

Bis dohi féiert de Guy Helminger seng Lieser:innen duerch Erzielungen, déi fir Irritatioun, Konfusioun a Perplexitéit suergen, an héchster Mooss ënnerhalen an een déi originell a komplex Erzielweis genéisse loossen.

Lauschterenplay_arrow