Den SNHBM-Direkter Guy Entringer betount am 100,7-Interview, datt et de But vum SNHBM ass, esou vill Wunnenge wéi méiglech ze bauen an ze geréieren. Mee et kéint ee sécher net all Client zefriddestellen. “Dofir mussen aner Acteuren hëllefen.”
Vum Promoteur ofhängeg
Eng grouss Roll dobäi spillt den Opkaf vu VEFA-Wunnengen duerch de Staat. Dëst si Wunnengen, déi um Plang kaf ginn, a réischt dono gebaut ginn. D’VEFAen, déi vum Staat kaf ginn, ginn tëschent dem Fonds de Logement an dem SNHBM opgedeelt.
De Guy Entringer erkläert, datt privat Promoteuren dem Staat proposéieren, Wunnengen ze kafen. Et läit herno awer um Minister ze decidéieren, wéi eng Projete kaf ginn, a wéi eng net. Als SNHBM huet een do kee Matsproocherecht.
“Den SNHBM begleet de Bau, mee et ass dem Promoteur seng Responsabilitéit, de Bau fäerdeg ze maachen. Dono kréie mir d’Gestioun a verlounen zu abordabele Präisser.”
Den SNHBM muss sech dofir och op d’Promoteure verloossen, datt déi e gudde Produit ofliwweren. Wann nämlech dono e Problem optaucht, ass den SNHBM domadder gehäit.
Impakt op d'Präisser
D’lescht Joer sinn 20 VEFA-Wunnenge fäerdeg ginn. Weider 136 sinn an de Bau gaang. Dem Guy Entringer no huet dat och en Impakt op déi allgemeng Präisser um Wunnengsmaart. Dat, well si dës Wunnengen um Marché fir e manner héije Präis proposéieren, wéi geduecht.
“Mir hunn 337 nei Wunnengen an de Bau bruecht an e groussen Deel verkaf. Domat sinn dat méi bëlleg Wunnenge par rapport zum Marché. Dat huet een Impakt op d’Präisser, déi an der Moyenne sécher e bëssen no ënne gezu gi sinn.”
De Premier Luc Frieden huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert, datt de Staat weider VEFA-Wunnenge kafe wëllt.
De Problem mam Iwwergangskredit
De Staat wëllt an Zukunft awer och jee no Regioun just en Deel vun de Projeten opkafen, zum Beispill just eenzel Wunnengen amplaz eng ganz Residence. Fir den SNHBM-Direkter wier et ënner dem Stréch wichteg, Leit um schaffen ze halen.
“Firme verschwannen, Aarbechter ginn zeréck a Portugal. A mir brauchen eng Panoplie un Entreprisë fir attraktiv Präisser ze kréien.”
Dobäi kéim, datt vill Clienten, déi kafen, Problemer hu fir den Iwwergangskredit ze kréien.
“Mir gesinn och beim SNHBM, wat d’Wunneng méi no un der Fäerdegstellung ass, wat et méi einfach ass fir ze kafen. Dofir mécht déi Iwwerleeung vum Staat Sënn an ass insgesamt fir de Secteur vu Virdeel.”
Wat d’Problematik vun den Iwwergangskreditter ugeet missteen allerdéngs mat de Vertrieder vun de Banke kucken, fir no Léisungen ze sichen, mengt de Guy Entringer.
Eng geziilt Reklamm
Eng 8.000 Leit si beim SNHBM enregistréiert, déi un engem Kaf intresséiert sinn. Eng 6.000 Leit intresséiere sech fir d’Locatioun. Wat d’Venten ugeet stinn dës um Internetsite vum SNHBM, erkläert de Guy Entringer. Do kann een da säin Dossier deposéieren.
“Mir hu kloer Krittären definéiert wat d’Composition de ménage ugeet oder de Revenu. D’Leit musse sech och ëmmer erëm mellen.”
D’lescht Joer hat den SNHBM eng Reklamm geschalt fir d’Venten unzekuerbelen. Och an der Belsch ass dës Reklamm gelaf.
De Guy Entringer erkläert, datt d’Reklamm spezifesch fir de Projet zu Olm war, wat no un der belscher Grenz läit. Deemno wollt een och Lëtzebuerger erreechen, déi an der Belsch liewen.
D’Reklamm wier e Succès gewiescht, well allgemeng net vill Wunnengen an der Vente géingen opstoen, seet nach de Guy Entringer.
Bis 2030 huet den SNHBM dann nach genuch Terrain fir eng 350 Wunnenge pro Joer ze bauen. Och fir dono si schonn Terraine kaf ginn. Et wier awer nach ze fréi fir ze soen, wou genee, esou den Direkter vum SNHBM.