Et wieren eng Rëtsch Eenzelmesuren, déi zum Deel mol net bis zum Enn duerchduecht wieren, fannen déi Lénk an engem Communiqué. Iwwerdeems wier et op en Neits eng Ronn Steierkaddoe fir Investisseuren, déi de Wunnengsmanktem net géife léisen.
Och déi gréng kritiséieren an engem Communiqué déi steierlech Avantage fir d‘Investisseuren. Déi géifen d‘Nofro no Wunnengen am ënneschten a mëttlere Präissegment erhéijen an domat virun allem Jonker a Famillje benodeelegen.
Déi Lénk fuerderen eng konsequent ëffentlech Wunnengspolitik. Dat heescht ënner anerem plafonéiert Loyeren an de massiven Ausbau vum ëffentleche Wunnengsbau. Deen Ausbau fuerderen och déi gréng.
Den CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Logementsminister Claude Meisch haten op enger Pressekonferenz gëschter, siwe Mesurë virgestallt, déi de Wunnengsbau nees ukuerbele sollen.