Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Gut Punch" - Meagre Martin

Album vun der Woch

"Gut Punch" - Meagre Martin

Aus hirem Berliner Exil eraus, kuckt déi amerikanesch Band Meagre Martin op hir al Heemecht. “Gut Punch” heescht den Debut-Album, an deem sech grouss Melodië mat Weltschmäerz verbannen.

auto_stories

3 min

Foto: Andrea Rojas

“Gut Punch” bedeit iwwersat esou vill wéi: “E Schlag an de Mo”. Wann déi eelef Stécker (dozou gehéieren och en Intro an en Outro) beim éischte Lauschtere sympathesch poppeg a schéi schrammeleg eriwwer kommen, sou weist den Titel vun der Plack schonn dorop hin, datt sech hannendrun en eeschte Fong verstoppt: “I can never run fast enough, to outrun my brain”, heescht et am Titel “Mountain” an am wonnerbare Stéck “All My Thoughts” séngt d’Sarah Martin: “All my fears are gonna come true”.

Ee krittesche Bléck op Amerika

Den Trio, zu deem nieft der Frontfra Sarah Martin, och nach de Batteur Federico Corazzini an de Bassist Max Hirtz-Wolf gehéieren, huet sech eréischt am Joer 2022 an der däitscher Haaptstad zesummegedoen.

De Bléck, dee Meagre Martin op d’Vereenegt Staate geheien, ass desillusionéiert bis kritesch. Am Titel “Amerika” – bezeechnenderweis an der däitscher Schreifweis – setzen si sech mat ultra-reliéise Priedeger auserneen an der Televisioun, déi, wéi et hei heescht “pours fear into our eyes”.

Praise the Lord in America.
Protect your own in America.
Work to the bone in America.
Then we soldier on in America.

D’Struktur vum Refrain zitéiert en anert Stéck mat bal deem selwechten Titel, aus dem berüümte Musical “West Side Story”, d’Perspektiv ass awer eng ganz aner. Net vun Awanderer an Amerika, mee vun Amerikaner, déi op Distanz zu hirem Land ginn.

Net grad nostalgesch, mee bësse retro

Musikalesch vernäipt sech “Gut Punch” souwuel virun de groussen Indie-Bands vun den 1990er, wéi och virun dem kalifornesche Pop vun den 1970er oder der New-Wave-Musek. Et wier de Sound vun der kalifornescher Wüst, opgeholl an enger Berliner Keller, heescht et op der Band hirem Internetsite.

De Keller ass an dësem Fall de Berliner Butterama-Studio, an deem de Federico Corazzini och als Touningenieur beschäftegt ass. Hien hat also d’Schlësselen, an dat huet him a senge Musekerkolleegen a Kolleeginnen d’Méiglechkeet ginn, ganz a Rou un hirer éischter Verëffentlechung ze feilen. Opgeholl hunn se da “wéi fréier”, alleguer zesummen a live, wat een der Plack och definitiv unhéiert. Si kléngt zwar net direkt nostalgesch, dofir awer e bësse retro.

Obwuel Meagre Martin nach eng relativ nei Band sinn, goufen direkt grouss Nimm aus der Indie-Zeen op si opmierksam: Alt-J hunn den Trio op hir USA-Tour invitéiert. De 7. Februar 2024 mécht Meagre Martin dann och zu Lëtzebuerg Statioun, an zwar am Gudde Wëllen.

Musek
Nei Musek