Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Groussbritannien: Walkampf ass lancéiert

Labour oder Tories?

Groussbritannien: Walkampf ass lancéiert

A Groussbritannien huet d‘Walcampagne ugefaangen. Een Dag nodeems de Premier Rishi Sunak gëschter Parlamentswale fir de 4. Juli annoncéiert hat, hunn de Regierungschef an den Labour Oppositiounschef Keir Starmer haut scho Walkampfterminer.

auto_stories

1 min

De Rishi Sunak huet an enger Ried betount, der brittescher Ekonomie géif et nees gutt goen. De Keir Starmer wäert haut säi Message vu gëschter widderhuelen: De Moment fir e Wiessel, op dee vill Leit laang gewaart hätten, wier elo komm.

An de Sondagë läit d‘Labor Partei wäit virun de konservativen Tories, déi zanter 14 Joer un der Muecht a Groussbritannien sinn.