Déi zwou Organisatiounen däerfen zanter Ufank des Mounts net méi an Däitschland aktiv sinn. Eng 350 Poliziste wieren eleng zu Berlin am Asaz gewiescht, sou d‘Police.
An 8 Bundeslänner gouf et haut awer och Perquisitioune bei presuméierte „Reichsbürger“. Ronn 280 Polizisten, dorënner och Spezialunitéiten, hunn d‘Wunnenge vun 20 Persounen duerchsicht. Déi Verdächteg kréien d‘Bildung vun enger krimineller Organisatioun virgehäit. Si hätte wëlles gehat, fir d‘Kommunikatiounsweeër vun den ëffentleche Verwaltungen ze destabiliséieren, huet de Parquet vu Münche matgedeelt.