Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussherzoglech Koppel op Staatsvisitt an der Belsch

Zu Bréissel

Groussherzoglech Koppel op Staatsvisitt an der Belsch

De Grand-Duc Henri an d‘Grande-Duchesse Maria Teresa si vun haut un dräi Deeg laang op Staatsvisitt an der Belsch. Den offiziellen Ëmpfang ass de Moien op der Place du Palais zu Bréissel.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: © Belgian Royal Palace – Bas Bogaerts

Net just eng Staatsvisitt, mee och e Familljentreffen, de Grand-Duc Henri an de belsche Kinnek Philippe sinn nämlech Cousinen. Mat dobäi op dëser Staatsvisitt sinn de lëtzebuergeschen Ausseminister Xavier Bettel, de Wirtschaftsminister Lex Delles, d’Defenseministesch Yuriko Backes grad wéi de Finanzminister Gilles Roth.

Déi Lëtzebuerger Delegatioun gëtt vum President vun der Chambre de Commerce, dem Fernand Ernster, begleet. Am Fokus sti virun allem déi wirtschaftlech Bezéiungen, den Tourismus grad esou wéi nohalteg Konstruktioun an digital Souveränitéit.

Enk wirtschaftlech Bezéiungen

Lëtzebuerg an d’Belsch, alle béid Grënnungsmembere vun der EU an der NATO, kucken op eng laangjäreg Zesummenaarbecht zeréck. D’Nopeschlänner, déi eng gemeinsam Grenz vun 148 Kilometer hunn, sinn eleng scho wéinst de belsche Frontalieren enk matenee verbonnen. Iwwer 50.000 Belsch kommen all Dag op Lëtzebuerg schaffen. Lëtzebuerg an d’Belsch hunn och enk wirtschaftlech Bezéiungen. D‘Belsch ass dat Land aus deem Lëtzebuerg am meeschten importéiert, an am drëttmeeschten exportéiert, no Frankräich an Däitschland.

Fir den éischten Dag haut stinn eng Rei Rendez-vousen un. Ënner anerem wäert e Kranz um Graf vum Onbekannten Zaldot néiergeluecht ginn, en Denkmal, dat un déi belsch gefalen Zaldoten am Éischten an am Zweete Weltkrich erënnere soll. Weider sti souwuel nach Festiesse wéi och Gespréicher hanner zouenen Dieren tëschent de Politiker op der Dagesuerdnung.

Fir d’Grande-Duchesse sti bëssen aner Visitte fir haut um Programm. Si besicht haut ënner anerem déi belsch Ausstellung “Histoire de ne pas rire. Le surréalisme en Belgique”.

Vu muer u sti virun allem Treffe mat Acteuren aus der Wirtschaft um Programm. En Donneschdeg wäert d’Visitt dann zu Léck op der Place St. Lambert ophalen.

De Gebuertsdag zesumme gefeiert

Déi groussherzoglech Koppel war awer schonn éischter op Bréissel gereest, huet den Haff gëschter Owend matgedeelt. De Grand-Duc Henri an de belsche Kinnek Philippe hunn nämlech bal um selwechten Dag Gebuertsdag. De belsche Kinnek krut gëschter 64 Joer, de Grand Duc feiert haut säin 69. Gebuertsdag. Op enger Foto, déi den Haff publizéiert huet, gesäit een déi zwee mat engem Gebuertsdagskuch.

Lauschterenplay_arrow