Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Grënnung vun HUT no Caritas Skandal: Déi eenzeg Léisung?

Caritas-Spezialkommissioun

Grënnung vun HUT no Caritas Skandal: Déi eenzeg Léisung?

War et alternativlos, datt nom Caritas-Finanzskandal déi nei ASBL "Hëllef um Terrain" HUT gegrënnt gouf, fir Aktivitéiten z’iwwerhuelen? Ëm dës Fro ass et haut an der Chamber-Spezialkommissioun gaangen. Dem HUT-President a fréiere President vum Krise-Comité Christian Billon no, hätt et keng aner Léisung ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Dat seet no der Sitzung den neie President vun der Kommissioun Charel Weiler (CSV).

Et hätt eng “ganz aktiv Sich” no Persounen, Entreprisen a Strukture gi fir Caritas-Aktivitéiten z’iwwerhuelen, esou d’Carole Hartmann nom Austausch mam Christian Billon. Et hätt een awer keng aner Léisunge fonnt.

Dem Charel Weiler no, hätt nom “gréisste Finanzskandal an eiser Geschicht” relativ urgent misste gehandelt ginn, fir eng Léisung ze fannen, an déi nei ASBL HUT ze grënnen.

"Dialogue des sourds"

Et gouf ni de Wëlle fir d’Caritas ze retten, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding widderholl.

Op d’Fro erëm firwat net déi eenzel Acteuren un een Dësch gesat gi sinn, huet den Här Billon gesot, bon et hätt net vill Wäert gehat, well et wier een dialogue des sourds (gewiescht). Ech muss soen, datt ech dat immens skandaliséiert empfannen.“

Djuna Bernard: Kierch "immens passiv"

D’Kierch hätt sech bei der Sich no Léisungen “immens passiv” gewisen, huet déi gréng Deputéiert Djuna Bernard bedauert.

"An déi Leit, déi hei d’Sue ginn hunn, iergendwou an eng méi neoliberal Organisatioun ouni grouss Wäerte-Ancrage gepusht hunn."

Weder d’Regierung nach déi nei Leit, déi Sue ginn hunn, wiere bereet gewiescht, fir eng “Intra-Caritas-Léisung”, esou de lénken Deputéierte Marc Baum.

Beim Ausseministère hätt et iwwerdeems kee Wëlle ginn, fir d’Caritas-Aktivitéit vum “plaidoyer politique” virun ze féieren, esou eng weider Kritik vum Marc Baum.

Weider Kommissioune fir Enn Februar virgesinn

Den ADR-Deputéierten Dan Hardy huet iwwerdeems erëm d’Fro opgeworf, ob et wéinst der Caritas-Affär net eng Chamber-Enquêtëkommissioun hätt misste ginn. Hie freet sech, ob net verschidde Saachen "ënnert den Teppech gekiert" gi wieren.

No der Fuesvakanz kënnt d’Caritas-Spezialkommissioun op een neits zesummen: Fir de 24. Februar sinn d’Caritas-Personaldelegatioun an den OGBL invitéiert. Fir de 26. Februar Vertrieder:inne vun der Fondation Caritas a vu Caritas Accueil et Solidarité. D’LSAP-Fraktioun verlaangt, datt d’Marie-Josée Jacobs, de Marc Crochet, mee och den Erny Gillen an d’Kommissioun solle geruff ginn, grad wéi nach eng Kéier de Premier Luc Frieden.

Lauschterenplay_arrow