All Dag e wéineg méi laang wéi üblech, dofir hunn si da vu Freidegs bis Sonndegs fräi, an dat bei gläichem Salaire. De Rescht vum Joer gëllt weider déi normal Schaffwoch vu fënnef Deeg. En deementspriechenden Accord huet de Betrib mat de Gewerkschaften ënnerschriwwen. Erwaart gëtt sech, datt 20.000 Salariéeë bei der Testphas, déi op dräi Joer ugesat gouf, wäerte matmaachen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Gréisste Luxusbrëlle-Produzent féiert Véier-Deeg-Woch an
Aarbechtszäitverkierzung
Gréisste Luxusbrëlle-Produzent féiert Véier-Deeg-Woch an
De weltwäit gréisste Produzent vu Luxusbrëller féiert eng Véier-Deeg-Woch an. An den italieenesche Wierker vum franséisch-italieenesche Konzern EssiLux sollen d‘Mataarbechter an enger Testphas wärend 20 Wochen am Joer op fräiwëlleger Basis kënne vu Méindes bis Donneschdes schaffen.
auto_stories
1 min
(Foto: Chong Fa / Bigstock)