Dat hunn nei Etuden erginn, déi den Institut Biosphère an Zesummenaarbecht mat Greenpeace Lëtzebuerg gemaach huet. Si hu Kaarten ausgeschafft iwwert d‘Ausbreedung vun der radioaktiver Stralung. Dobäi goufen iwwer 1.000 verschidde Wiederlagen ausgewäert. An der Moyenne wiere bei all deene Konfiguratiounen iwwer 26 Millioune Mënsche bannent e puer Stonnen enger ze héijer Stralebelaaschtung ausgesat. 276.000 Mënsche missten direkt evakuéiert ginn.
Op laang Dauer missten am direkten Ëmkrees vu Cattenom 960.000 Mënschen an der Suite vun der Buedemverseuchung ëmgesidelt ginn.