arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Grand Prix vum Luxfilmfest geet un den nigerianeschen Drama “My Father’s shadow”

Film

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Grand Prix vum Luxfilmfest geet un den nigerianeschen Drama “My Father’s shadow”

Fir déi international Jury, presidéiert vum spuenesche Realisateur Rodrigo Sorogoyen, huet dëse beréierende Portrait vun engem Papp a sengen zwee Bouwe virum Hannergrond vu politeschen Onrouen am Nigeria an der Fiktiounskompetitioun vum Akinola Davies Jr. erausgestach.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Akinola Davies Jr. zeechent e Portrait vun engem Papp a sengen zwee Bouwen, vermëscht mat Elementer vu mageschem Realismus, virum Hannergrond vu politeschen Onrouen am Nigeria Uganks den 90er Joren.

Weider Präisser ënner anerem fir "Memory" a "Blue Heron" 

Als beschten Documentaire gouf den autobiographesche Film “Memory” vun där op der Schwaarzmier-Hallefinsel Krim gebuere Vladlena Sandu ausgezeechent. Op eng kreativ an originell Manéier rekonstruéiert d’Cineastin d’Erënnerung un hir eegen, vum Tschetschenie-Krich traumatiséiert Kandheet.

De FIPRESCI-Pressepräis geet dogéint un de kanadeschen Drama “Blue Heron”, de quasi-dokumentaresche Portrait vun enger Immigrante-Famill, déi duerch d’Verhalensstéierung vun engem vun de Kanner belaascht gëtt.

Isabelle Huppert fir bedeitend Karriär geéiert 

Déi weider Präisser vun dëser 16. Editioun vum Luxfilmfest: den 2030 Entwécklungs-Präis ass fir “Amilcar”, als bescht immersiivt Wierk gëlt “Clouds are two thousand meters up”,  “Feels like home” gewënnt beim Jugend-Jury, wärend déi zwee Kanner-Juryen “Olivia” respektiv “Têtes brûlées” priméiert hunn. Dem Publikum huet “Tuner” am beschte gefall. 

Op der Präiszeremonie am Kinepolis um Kierchbierg gouf iwwregens déi franséisch Actrice Isabelle Huppert fir hir laang a bedeitend Karriär geéiert. D’Luewensried huet hir Schauspill-Kolleegin Emmanuelle Béart, Member vun der internationaler Jury, gehalen. Der Isabelle Huppert hiren neie Film “Die Blutgräfin” vun der Ulrike Ottinger gouf gëschter owend projezéiert.

Déi 16. Editioun vum Luxembourg City Film Festival geet um Sonndeg den Owend offiziell op en Enn.   

play_arrow Lauschteren