Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Google Datenzenter: Gemeng Biissen ass ee Schrëtt weider

Gemengerot

Google Datenzenter: Gemeng Biissen ass ee Schrëtt weider

Beim Projet Google Datenzenter gouf gëschter um Méindeg zu Biissen am Gemengerot eng weider Etapp geholl: D‘Exekutiouns-Pläng an d‘Konventioun vum PAP goufen ugeholl.

auto_stories

2 min

Google | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk

Dës Exekutiouns-Pläng an d‘Konventioun vum PAP reegelen ënnert anerem Infrastrukture mat ëffentlechen Zwecker, sou wéi Stroossen a Weeër, déi vun der Entreprise un d’Gemeng solle cedéiert ginn. Well am Fall Google nëmme geréng Fläche wäerte cedéiert ginn, soll d‘Gemeng eng Kompenséierungsentschiedegung vun 13,5 Milliounen Euro kréien. Wann sech zwee Joer laang näischt deet, da wier déi Konventioun hifälleg, seet de Buergermeeschter David Viaggi, a se misst nees nei ausgehandelt ginn. 

Mee ech denken, datt awer den Zäitplang deen ass, datt mer elo an deenen nächste Méint wäerte Resultater kréien aus der Ëmweltetüd a mer dann och iergendwann eng Kéier konfrontéiert gi mat enger Baugeneemegung.

Lauschteren play_arrow

Esou de Biisser Buergermeeschter, den David Viaggi. De Mouvement Ecologique hat gëschter um Méindeg gefuerdert, datt näischt dierft gestëmmt ginn, ier déi néideg Ëmwelt-Etüden an den Impakt vum geplangten Datenzenter op d‘Drénkwaasser géife virleien. De Buergermeeschter huet dat als "populistesch“ bezeechent, well Google net méi plange géif, Drénkwaasser fir d‘Kille vun den Anlagen ze notzen.