Am Fokus vun der Kritik steet den Ëmweltministère, dee senger Roll net géif gerecht ginn. An dat zu engem Zäitpunkt, deen nees kruzial am Dossier Google wier.
Kritik un der Roll vum Ëmweltministère
Déi sougenannt Ëmweltverdréiglechkeetsetüd hätt zum Beispill gewisen, datt dat néidegt Waasser fir ze killen net do wier. Deemno misst en anere Wee dofir fonnt ginn.
No enger ëffentlecher Auditioun iwwer dës Etüd am Mäerz hätt een op 31 Säiten Awänn formuléiert, esou d’Mouvéco-Presidentin Blanche Weber. Den Ëmweltministère hätt deenen awer net Rechnung gedroen.
“Vun eis ass näischt iwwerholl ginn. Mir wëssen och, datt Awunner vu Biissen eppes zum Kaméidi a sou weider gesot hunn: Mir mengen, datt et den anere Leit d’selwecht gaangen ass.”
Geriichtswee gëtt net ausgeschloss
Ganz aktuell dann hätt bis Ufank Juli d’Baugeneemegungsprozedur an der Gemeng zu Biissen ausgehaangen. Et géif ee viru Geriicht zéien, sollt déi esou erdeelt ginn, wéi vu Google gewënscht.
“Dat ass, wéi wann een eng Baugeneemegung gëtt an et weess een herno net, ob 6 Familljen dra wunnen oder zwou.”
Och hätt den Affekot vum Mouveco zentral Aspekter vum Dossier aus rechtlecher Siicht ugegraff. Ënner anerem fënnt de Mouvement écologique nämlech, datt déi sougenannt Geheimhaltungsklausel vu Google net zoulässeg wier, well Bierger:inne wesentlech Informatiounen zum Projet géife virenthale kréien.
Froen zu Transparenz a Klimaschutz
Den Ëmweltministère hätt déi Klausel awer guttgeheescht, esou datt de Mouveco d'Commission d'acces aux documents (CAD) ëm eng Stellungnam gefrot huet, déi awer nach net virläit.
Fir d’Blanche Weber ass net kloer, firwat virun allem de Minister Serge Wilmes esou handelt, wéi hien handelt.
Et wier och esou, datt Google net déi beschtméiglech Technik fir den Datazenter zu Biissen virgeséich: Dem Oeko-Institut vu Berlin no kéinten nämlech d’Emissioune vun Zäregasen ëm bis zu 97 Prozent reduzéiert ginn, ënner anerem duerch d’Notzung vun erneierbaren Energien.