Déi beseet, datt bannent engem Mount kee Presswaasser vum Minett-Kompost méi an d’Kanalisatioun dierft ofgeleet ginn. Aktuell géif een op Héichtouren no Tëscheléisunge sichen.
Bei der Methaniséierung vu Biooffall falen am Minett-Kompost, dem Jeannot Fürpass no, all Dag bis zu 100 bis 120 Kubikmeter Presswaasser un. Bis elo ginn déi iwwer d'Kanalisatioun an d'SIVEC-Kläranlag zu Schëffleng geleet.
Dëst soll elo bannent engem Mount gestoppt ginn, fuerdert den Ëmweltministère an enger mise en demeure, iwwer déi d’Tageblatt als éischt bericht huet. Bannent engem Mount eng Léisung ze fannen, wier awer sou einfach an esou séier net méiglech, well soss e groussen Deel vum organeschen Offall zu Lëtzebuerg net méi behandelt kéint ginn, esou de President vum Syndikat. Eng realistesch Alternativ géif et Stand elo och nach net ginn seet de Jeannot Fürpass.
"Dir kënnt et net an d'Ausland fueren. Dat geet net. Dat ass net méiglech. Dofir brauch et och Autorisatiounen. Dir kënnt och Biooffall net einfach an d'Ausland féieren. Och dofir missten u sech am Virfeld, soen ech, dann och déi néideg Ausschreiwunge gemaach ginn."
Verbrenne keng Optioun
Eng weider Méiglechkeet gëtt et nach. Déi leent de Jeannot Fürpass awer strikt of.
"Eng vun de Méiglechkeeten, dat wier dann an d'Sidor ze féieren an do ze verbrennen. Dat wier déi katastrophaalste Léisung, well mer dann u sech déi 30 Joer laang Sensibiliséierungsaarbecht, déi gemaach ginn ass, fir dass d'Leit doheem den Tri sollte maachen. Déi gi mer da gratis op. Also fir mech guer keng Optioun.”
Dobäi kéim, datt d’Demande fir déi néideg Autorisatioun fir den Ëmbau vun der Methaniséierungsanlag bei der Ëmweltverwaltung léie géif.
"Ech verstinn, wann eng Administration de l'environnement seet, dass déi Dossiere komplex sinn an dass een do eng gewëssen Zäit brauch, fir dat ze verschaffen, fir kënnen ze kucken, dass een hei eng Léisung fënnt, fir dass et weidergeet. An dat ass jo och déi Zäit, mengen ech, déi si brauchen, fir u sech déi Anlag, déi mir geplangt hunn, fir déi ze kontrolléieren, fir d'Autorisatiounen ze ginn, wou mer an där anerer Hisiicht soen, jo dann, d’Waasserwirtschaftsamt, wéi soll, mir kënnen et zauberen.”
Et versiicht ee weiderhin Alternativen ze fannen
E Méindeg wëllt de Minett-Kompost mat Fachingenieuren, der Direktioun a juristesche Beroder déi verschidden Optiounen duerchgoen, an dann eng Äntwert un den Ëmweltminister Serge Wilmes schécken.
Déi 22 Gemenge vum Syndikat mussen aktuell ronn annerhallef Millioun Euro d’Joer un de SIVEC bezuelen, well jorelaang ouni Autorisatioun Ofwaasser an de Monnerecher Kanal an duerno an d’Schëfflenger Kläranlag gelaf ass. Dës Käschte gi pro rata op d’Membergemenge verdeelt an iwwer hir ordinär Budgete finanzéiert.