Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Des oeillets pour la révolution

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gold ass sou vill wäert wéi nach ni

Wirtschaft

Gold ass sou vill wäert wéi nach ni

De Goldpräis huet een neie Rekordhéich erreecht: Op der Bourse zu London ass d‘Valeur vum Gold op ronn 2.525 US-Dollar pro Onz geklommen. 

auto_stories

1 min

Gold | © picture alliance / SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SVEN SIMON

Dëst ass de Stand vun Dënschdegmëtten. Am Verglach mat gëschter (19.08) ass dat eng Hausse vu ronn 20 Dollar pro Onz.

Zënter Ufank dës Mounts geet de Goldpräis staark an d‘Luucht. Grond sinn d‘Suerg virun enger weiderer Eskalatioun am Noen Osten an d‘Aussiicht op eng Zënsbaisse an den USA.