Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewalt am Westjordanland hëlt zou

Noen Osten

Gewalt am Westjordanland hëlt zou

Am Schied vum Gaza-Krich hëlt och am Westjordanland d‘Gewalt zou, an d‘Demonstratioune géint Israel ginn ëmmer méi grouss. Israel geet och am Westjordanland géint d‘Hamas vir, fir ze verhënneren, datt d‘Terrororganisatioun sech do nei opbaut, wéi vun Tel Aviv heescht.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
(Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene)

Bei engem rezenten Asaz vun der israeelescher Arméi wieren et och rëm dräi Doudeger ginn. Wéi de Gesondheetsministère zu Ramallah matdeelt, wier ee Palestinenser am Norde vum Westjordanland ëmkomm an zwee bei Ramallah. Israeelesch Zaldoten hätten och 49 Persoune festgeholl, dovun 21 presuméiert Hamas-Memberen a Waffe confisquéiert.

An der Gazasträif wiere bei enger israeelescher Attack 27 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Wéi de Gesondheetsministère vun der Hamas mellt, wier de Virfall bei enger Schoul vun der UNO geschitt.