Radioen

On air

Notturno  |  Shirley Hurt - Charioteer

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vollekskrankheet Iwwergewiicht?

Den Hallwer Néng

Vollekskrankheet Iwwergewiicht?

Ass Iwwergewiicht eng Vollekskrankheet? Jo, seet den Torsten Bohn, Ernierungswëssenschaftler beim Luxembourg Institute of Health. A wann ee weess, datt bal 40 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwergewiichteg ass, a knapp 20 Prozent fettleibeg, da verwonnert dës Ausso net.

auto_stories

4 min

headphones

21 min

Torsten Bohn | © Jo Diseviscourt play_arrow
Torsten Bohn (Foto: Jo Diseviscourt)

Schonn am Joer 2000 huet d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO Fettleibegkeet (Adipositas) als Krankheet definéiert. An et sinn net just déi räich Länner, déi dovu betraff sinn. Weltwäit ass de Problem vun der Iwwergewiicht och an ekonomesch méi schwaache Länner gewuess. Op Lëtzebuerg bezunn si méi Männer vun deem Problem betraff wéi Fraen. Dat ass verwonnerlech, esou den Torsten Bohn. An deene meeschte Länner wier et nämlech ëmgedréint. Et kéint een et sou erklären, datt an anere Länner d’Fraen tendenziell awer nach méi doheem bleiwen, a Männer sech méi beweegen.

Eng Krankheet, déi hire Präiss huet

Fir erauszefannen, op een iwwergewiichteg oder fettleibeg ass, ass de BMI (Body Mass Index) déi gängegst Method. Fir den Torsten Bohn ass de BMI awer net dee beschten Indicateur. D’Physiognomie ass nämlech bei all Mënsch aneschters, erkläert den Ernierungswëssenschaftler. Alternativ kéint een och den Ëmfang vun der Taille par rapport zur Hëft bestëmmen. Am gëeegneste wier et awer, dat sougenannt viszeraalt Fett ze bestëmmen. Dat ass dat Fett, dat sech um Ënnerbauch usammelt, an als besonnesch schiedlech gëllt. Mee technesch gesinn ass dës Method fir ze moosse ganz opwenneg a ka meeschtens just a Spideeler duerchgefouert ginn.

Fettleibegkeet ass net nëmmen eng Krankheet, mee se mécht och krank. De Risiko, aner gesondheetlech Problemer ze kréien, wiisst: Typ 2 Diabetes, Häerzkreeslaf-Krankheeten, Infektiounskrankheeten, Asthma, Allergien oder och Schlofproblemer. Natierlech ginn et och Ausnamen, betount den Torsten Bohn. Et ginn och Leit, déi iwwergewiichteg sinn, an awer gesond sinn a gutt Bluttwäerter hunn.

Iwwergewiicht a Fettleibegkeet hunn och ee Präis: Enger Schätzung no kascht et ee Staat ronn 1,4 Prozent vum PIB, zu Lëtzebuerg wieren dat ronn 1 Milliard Euro. Zesummegerechent ginn d’Käschte vun der direkter an indirekter Behandlung vun der Krankheet, d’Medikamenter, Operatioune wéi eng Verklengerung vum Mo oder och d’Behandlung vun anere Krankheeten, déi duerch Fettleibegkeet ausgeléist gi sinn.

HealthyW8: Een europäesche Projet géint Iwwergewiicht

Jidderee weess, datt Iwwergewiicht net gutt ass. An awer rutschen esou vill Leit do eran. Den Torsten Bohn schwätzt vu Barriären, déi d’Leit dorun hënneren, hier Liewensgewunnechten zum positiven hin ze änneren. Stress op der Aarbecht, keng Zäit fir Sport oder sech gesond ze ernären, a sozial Aspekter zielen zu dëse Barriären. Ginn et och genetesch Grënn? Jo, seet den Ernierungswëssenschaftler, mee dat ass awer just bei ronn 17 Prozent vun de Leit de Fall. D’Genetik ännert sech och just ganz lues, dat ass also net de Grond firwat weltwäit d’Fäll vu Fettleibegkeet an d’Luucht ginn. Dofir ginn et aner Erklärungen: Mir huele méi Kalorien op, beweegen eis tendenziell manner, iesse méi Salz a méi Zocker, an dofir awer manner Uebst a Geméis.

Fir deem alles entgéingtzewierke gëtt et eng europäesch Initiativ mam Numm HealthyW8. Et handelt sech ëm een EU-Projet, deen iwwer fënnef Joer leeft, a 24 Partner an néng EU-Länner huet. 10 Milliounen Euro ass dem EU-Budget si fir HealthyW8 virgesinn. Dat grousst Zil ass et, eng App ze entwéckelen, déi de Leit hëllefe soll, gesond Liewensgewunnechten unzehuelen. D’App soll individuell ugepassten Iessenspläng virschloe kënnen, Rotschléi fir méi Beweegung ginn, an awer och berücksichtegen, a wéi enger emotionaler Lag den User sech grad befënnt.

Een Zil vun 200.000 User

Wann alles gutt geet dann ass d’App 2025 disponibel. Mee firwat dauert dat esou laang? Den Torsten Bohn erkläert, datt vill Acteuren an d’Entwécklung vun der App matagebonne ginn. Zu Lëtzebuerg sinn dat zum Beispill de Ministère an d’Santé. Reegelméisseg gëtt d’App getest. Dat gëtt a verschidde Ronne gemaach, sou datt d’Entwécklung vun der App méi Zäit an Usproch hëlt.

D’Zil ass et, ronn 200.000 User ze kréien. Et huet ee sech d’Lat bewosst net ze héich geluecht, well de Marché staark ëmkämpft ass. Bekannt Marke bidden änlech Servicer un, a kënne beispillsweis 10 Milliounen Euro investéieren, fir just een Deel vun der App weiderzeentwéckelen, esou den Torsten Bohn.

Mam EU-Projet kéinte geschat 10.000 Leit pro Joer viru Fettleibegkeet geschützt ginn. Mee natierlech hunn och d’Bildung an d’Politik eng wichteg Roll ze spillen, betount den Torsten Bohn.

Lauschterenplay_arrow