Radioen

On air

9 bis 1  |  Courtney Barnett, Kurt Vile - Over Everything

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesetzeskonformitéit vun Zebrasträifen: Zentrum fir urban Gerechtegkeet vs. Stad Lëtzebuerg

Verwaltungsgeriicht

Gesetzeskonformitéit vun Zebrasträifen: Zentrum fir urban Gerechtegkeet vs. Stad Lëtzebuerg

Muss d’Stater Gemeng hir Analys zur Gesetzeskonformitéit vun den Zebrasträifen op hirem Territoire erausginn? Dës Fro gëtt zanter gëschter um Mëttwoch um Verwaltungsgeriicht gekläert. Geklot huet den Zentrum fir urban Gerechtegkeet, kuerz ZUG.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Viru knapp 3 Joer hat den ZUG d'Konformitéit vu 475 Zebrasträifen an der Haaptstad a Fro gestallt. D’Stater Gemeng hat doropshin zouginn, datt der 37 net reegelkonform wieren. Hir Analys dozou wollt d’Stad awer net erausginn, wougéint den Zentrum geklot huet. De juristesche Sträit dréit also elo ëm d'Fro vun der Gemeng hirer Transparenz.

Gefroten Dokumenter géingen net existéieren

D'Stad hätt 4 Argumenter genannt, firwat si hir Donnéeën net géif erausginn, sot den Affekot vum Zentrum fir urban Gerechtegkeet. Éischtens, esou de Me Pierre Durand, wier gesot ginn, datt de Groussdeel vun deenen Informatiounen intern Kommunikatioune wieren. Zweetens, datt Dokumenter aus engem Huis clos net public ze maache wieren. Drëttens, datt en entspriechend Dokument e Brouillon a kee fäerdegt Dokument wier. A véiertens, datt déi gefroten Dokumenter net existéiere géifen.

Fir den Affekot vun der Stater Gemeng wier d’Fro déi, ob Dokumenter zu Deliberatioune vu Schäfferéit am Huis clos un Drëtter erauszegi wieren. De Me Helminger huet erkläert, datt der Stad hir Äntwert dorop "Nee" wier. D'Géigesäit hätt Aarbechtsdokumenter gefrot. Esou en Dokument, dat evoluéiert, wier awer net ze kommunizéieren.

Urteel kënnt an den nächste Wochen

No der Sëtzung wollte béid Affekote keng Stellungnam ginn. Den Torben Grosser vum ZUG dogéint sot, datt een duerch d'Mauere vun der Stad an eng Situatioun eragerode wier, wou et ëm d'Informatiounsrecht vun der Ëffentlechkeet goung.

"Wat natierlech enorm wichteg ass, mee dat ass eppes, woufir mir ni komm sinn. Mir sinn natierlech ganz frou, datt mir och elo kënnen déi Aarbecht maachen, mee dat war u sech ni eis Ofsicht. Mir hunn eis virun allem iwwer Zebrasträifen ënnerhalen.”

En Urteel an dëser Affär gëtt an den nächste Woche gesprach.

Lauschterenplay_arrow