Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Geschlechtsbaséiert Gewalt: Lëtzebuerger Gesetzer musse weider ugepasst ginn

Chamber

Geschlechtsbaséiert Gewalt: Lëtzebuerger Gesetzer musse weider ugepasst ginn

D’Chamber huet gëschter um Dënschdeg an enger Interpellatioun iwwer zousätzlech Mesuren am Kampf géint geschlechtsbaséiert Gewalt diskutéiert, mat der Conclusioun, datt d’Gesetzer zu Lëtzebuerg nach weider missten ugepasst ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Ausléiser vun der Diskussioun war eng Interpellatioun vum lénken Deputéierte Marc Baum mat der Fro, wéi gutt d’Mesuren aus engem Accord vum Conseil de l’Europe zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn.

Whats-App-Noriichten als Beweismaterial?

D’Gesetzeslag géif zwar divers Forme vu Gewalt u Fraen ofdecken, esou de lénken Deputéierte Marc Baum, mee d’Komplexitéit vu familiäre Relatiounen an de potenziellen Abuse wieren net definéiert.

“Zum Beispill gëtt et aktuell keng Dispositioun, déi ökonomesch Gewalt definéiert oder bestrooft. Et ass also am Moment schwiereg fir een Affer vun haislecher Gewalt sech dogéint ze wieren, dass e Partner oder eng Autoritéitspersoun eng extern Kontroll iwwer d'Finanzen ausüübt.”

Och de Sven Clement vun der Piratepartei begréisst Fortschrëtter an de leschte Joren, mee mengt, et wier nach vill ze maachen. Beispillsweis misst an de Schoulen a Lycéeë méi Präventiouns- a Sensibilisatiounsaarbecht bedriwwe ginn. Hie fuerdert iwwerdeems eng Reform vum Code penal, déi d’Realitéit vu geschlechtsspezifescher Gewalt besser soll reflektéieren.

“Da brauche mir eng nei juristesch Approche bei der Beweisféierung. Och dat gouf schonn ugeschwat. Well heiansdo muss ee quasi onméiglech Beweiser liwweren. Wichteg Ännerunge wieren hei an eisen Aen zum Beispill d'Unerkennung vu WhatsApp- an SMS-Noriichten oder anere Messenger-Déngschten.”

Net just Frae si betraff

Op d’Fuerderung legal Berodung fir Affer gratis ze maachen, huet d’Justizministesch Elisabeth Margue vun der CSV geäntwert, datt d’Assistance judiciaire hirer Meenung no weiderhin op d’Akommes soll baséiert ginn. Et kéint een d’Klassifizéierung vum Revenu awer duerchaus hannerfroen.

“Déi Fro, déi sech fir mech nach stellt, ass - an dat wollt ech eng Kéier mam Barreau kucken - wéi gëtt an dësen Dossieren de Revenu appreciéiert? Well et ass jo de Revenu vum Menage."

Duerch een nationalen Aktiounsplang, deen am Summer vun dësem Joer fäerdeg gestallt soll ginn, solle geschlechtsbaséiert Gewaltfäll bekämpft ginn. D’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes betount hei d’Wichtegkeet vun enger pluridisziplinärer Approche.

“Mir sollten eis och wierklech bewosst sinn ëm wat et hei geet, wa mir vu geschlechtsbaséierter Gewalt schwätzen, well Dir hutt et och richteg gesot, hei schwätze mir net just vun haislecher Gewalt. Dat heiten ass vill méi breet, et geet vill méi déif, y compris Cyberharcelement, ekonomesch Violence, ass och scho mentionéiert ginn. Mee d'Lëscht ass extreem laang. An dofir ass och wierklech eng ganz villschichteg Problematik.”

D’DP-Ministesch sot an der Chamber och, datt geschlechtsbaséiert Gewalt net nëmme Frae géif betreffen, mee och Fäll vun Homophobie oder Transphobie zum Beispill.

Lauschterenplay_arrow