search

/ Geriicht kippt Richtungswiessel vum US-Gesondheetsminister zu Kannerimpfungen

USA

|
reading time

1 min

Geriicht kippt Richtungswiessel vum US-Gesondheetsminister zu Kannerimpfungen

An den USA huet ee Geriicht dem Gesondheetsminister Robert F Kennedy säi Richtungswiessel bei Kannerimpfunge gekippt. Op d‘mannst bis op Weideres.

reading time

1 min

Robert F Kennedy | ©  EPA/JIM LO SCALZO
Robert F Kennedy (Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

De Kennedy hat Wëlles, datt Impfungen zum Beispill géint Influenza, Rotavirus oder Hepatite B net méi solle fir Kanner recommandéiert ginn. Dat huet ee Geriicht am US-Bundesstaat Massachusetts elo gekippt. Och déi vum Kennedy entscheet Neibesetzung vum Impf-Experte-Comité an hir Recommandatiounen goufe blockéiert.

Dokterverbänn haten dem Robert F Kennedy seng geplangt Ännerunge bei der Impfpolitik schaarf kritiséiert an dogéint geklot. Den US-Gesondheetsminister ass Impfskeptiker an huet ëmmer erëm Verschwörungstheorien an Zweiwel un Impfunge verbreet.