IDEA kritiséiert iwwerdeems, datt d’Pläng vun der Regierung laangfristeg net zur finanzieller Nohaltegkeet vum Lëtzebuerger Pensiounssystem bäidroe géifen.
D’Regierung plangt ënner anerem d’Cotisatiounsperiode fir d’Fréirent mat 60 Joer progressiv an d’Luucht ze setzen an de Cotisatiounstaux ëm en hallwe Prozentpunkt ze erhéijen. Eleng d’Hausse vun de Cotisatioune géif zu enger méi stabeler ekonomescher Situatioun féieren, esou d’Fondatioun IDEA.
Si fuerdert, datt sech d’Chamber vun elo u mat enger méi grousser Pensiounsreform ausernee setzt.