D’Estelle Née war dräi Joer laang un der Spëtzt bei der UNEL an dat wärend enger komplizéierter Phas, matzen an der Pandemie. Dat wier keng einfach Zäit fir Studentenorganisatioun gewiescht, gëtt d’ Droit-Studentin ze verstoen.
Plaz maaache fir déi nei Generatioun
Elo no siwe Joer aktiver Memberschaft, well si Plaz maache fir déi néi Generatioun. An Zukunft wäerten d’Lycéesschüler Semir Honsic an de Sam Elsey d’UNEL no bausse representéieren.
Fir de Semir Honsic ass et wichteg, och als Jonke Responsabilitéit ze iwwerhuelen.
"Datt een d'Meenung vun de Jonke representéiert, an ech fannen, dat ass eppes, wat net vill gemaach gëtt, dofir sinn ech frou, datt ech dat ka man.”
Säi Co-Spriecher Sam Elsey rifft jonk Schüler a Studenten op sech mat ze engagéieren. Amplaz bei Frust "an d'Eidelt ze jäizen" kann ee bei d'UNEL kommen.
Kloer Revendicatiounen un déi nei Regierung goufe bis elo nach net ausgeschafft. Dat läit un de Changementer am Koordinatiounsgrupp. Un Iddie feelt et der neier Generatioun awer net.
Reform vun der Studente-Bourse
E wichtegen Diskussiounspunkt fir d’ UNEL ass d’ Reform vum Gesetz iwwer d’Studente-Bourse. Déi aktuell Hëllefe géifen hautdesdaags net méi duer goen an iwwer Studenteprête géingen sech d’Studenten héich verschëlden, ënnersträicht d’Spriecherin vu bis elo, d'Estelle Née am 100,7-Interview. Och de Berechnungsmodus vun der Bourse soll hir no op de Leescht geholl ginn.
“Eis Bourse sollten och un de Revenu ugepasst gi vum Student selwer an net nëmme vu sengen Elteren, dat heescht d'Realitéit vum Student soll unerkannt ginn an net d'Realitéit vum Staat, wéi de Menage gestallt gëtt.”
Den Dialog mat der neier Regierung läit also elo an den Hänn vun der neier Generatioun. Bis elo steet nach keng Entrevue fest. D’Estelle Née hofft, datt déi nei d’Regierung sech wäert oppe weise fir d’Positioune vun der neier Spëtzt vun der UNEL.