Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Hannah Ida - Sea Of Leaves

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemeng Jonglënster: Verschidde Servicer ginn nees ugebueden

Nom Brand am Gemengenhaus

Gemeng Jonglënster: Verschidde Servicer ginn nees ugebueden

Nom Feier am Gemengenhaus zu Jonglënster gi verschidde Servicer vun der Gemeng haut nees op, dat huet d‘Gemeng gëschter matgedeelt.

auto_stories

1 min

Gemeng Jonglënster Internetsite | © Jo Diseviscourt
Gemeng Jonglënster Internetsite (Foto: Jo Diseviscourt)

De Populatiounsbüro, Schoulservice, den Taxebüro an d’Recettë sinn op déi al Gemeng geplënnert, op der Adress 2, Route d’Echternach zu Jonglënster.

D‘Gemeng kann am Moment nach keng Carte-d’identitéen oder Päss maachen.

Si freet d‘Leit weiderhin, nëmme fir Urgencen op d‘Gemeng ze kommen. Vill Demarchen, wéi d‘Ufroe vu Certificaten oder Akten, kënnen iwwer de Guichet électronique um Internetsite vun der Gemeng gemaach ginn.

De Service Technique bleift normal iwwer Telefon erreechbar.