Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Claire Parsons - Falling Into You (Theme Song)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geiselaffär um Hamburger Fluchhafen: Justiz leet eng Enquête an

Vill Froe bleiwen op

Geiselaffär um Hamburger Fluchhafen: Justiz leet eng Enquête an

Nodeems d‘Geiselaffär um Fluchhafen zu Hamburg gëschter gutt op en Enn gaangen ass, soll de Fluchverkéier haut nees gréisstendeels normal verlafen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

play_arrow

No 20 Stonnen hat e Mann, dee seng Duechter als Geisel geholl hat a mat sengem Auto op der Pist stoung, opginn.

De Parquet vun Hamburg leet elo d‘Enquête géint de 35 Joer ale Mann mat tierkeschem Origine. Hannergrond war ee Sträit ëm d‘Suergerecht. D‘Justiz muss awer och klären, wéi de Mann mat sengem Won bis op d‘Landepist konnt kommen an do Schëss aus enger Pistoul konnt of ginn.

Lauschterenplay_arrow