Radioen

On air

Concert  |  Vu Korngold iwwer Bartók bis Boulanger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geiselnam am Prisong zu Arles

Frankräich

Geiselnam am Prisong zu Arles

Am Prisong zu Arles am Süde vu Frankräich koum et de Freideg zu enger Geiselnahm. E Prisonéier hat fënnef Persounen als Geisel geholl, dorënner véier Mataarbechter aus dem Gesondheetsberäich an ee Beamten aus dem Prisong, dat hat de franséischen Inneminister Gérald Darmanin op der Plattform X confirméiert.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Westend61 | A. Tamboly

Kuerz no 16 Auer war d'Geiselnam eriwwer. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, hätt de presuméierten Täter, deen als ganz geféierlech agestuuft gouf, no fënnef Stonne laangen a komplizéierte Verhandlungen opginn. Et hätt keng Blesséierter ginn, déi fënnef "gesond" Geisele wiere fräigelooss ginn.
De presuméierten Täter hat wärend der Geiselnam eng selwergebaute Stéchwaff bei sech. Spezialunitéite vun der Police waren am Asaz.