arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geese -"Getting Killed"

Album vun der Woch

|
headphones

4 min

Geese -"Getting Killed"

Geese sinn eng typesch New Yorker Hipster-Band. Hir éischt Plack bei hirem momentane Label koum viru 4 Joer eraus. Si war doheem am Keller opgeholl an duerno vum Dan Carey ofgemëscht. Elo si si zeréck mat hirem drëtte Studioalbum.

headphones

4 min

Geese hir Musek huet direkt am Ufank vun der amerikanescher Ostküst a Richtung Mammeninsel tendéiert, an Elementer vun Jazz, amerikaneschem Rock, Südstaate-Soul a Britteschem Post-Britpop matenee vereent.

Zesummegehale gouf den transatlantesche Mix schonn ëmmer vum Frontmann Cameron Winter senger prägnanter a villsäiteger Stëmm. Him gëtt een Thom-Yorke-änleche Falsetto nogesot, deen awer och un den Joe Newman vun Alt-J erënnert.

Och d’Musek an d’Texter erënneren een un d’Bands vu Leeds, well se eng änlech Bandbreet tëschent heemlecher Wäermt an äiskalem Sarkasmus ofdecken.

Hei muss een de Frontamnn Cameron Winter luewen: Wéi dat ganzt Grousst ronderëm eis, geopolitesch Tensiounen, global Geforen, technologesche Fortschrëtt: All dat fänkt d’Band hei schéin an a féiert eis duerch Reaktioune vu Stress, Roserei, Einsamkeet, mee och Léift an heiansdo eng ganz ongerechtfäerdegt Begeeschterung fir d’Liewen, just well mir eben all Mënsche sinn.

Iwwerraschend gutt gelaunt bleiwe si dobäi also - iergendwéi. A wärend den Opener "Trinidad" mat sengem Patchwork op eng schwiereg Plack schléissen deet, ass direkt den zweeten Titel "Cobra" voller Hooks, déi sech ganz natierlech aus dem scheinbaren ambiente Chaos erausschielen.

De Klon um Seel

Iwwerhaapt ass et dat ganz assuréiert Seeldanzen tëschent Chaos a wonnerschéin agencéierter Musek, dat dës Plack esou speziell mécht. De Cameron Winter spillt dobäi de Klon an den Akrobat zugläich, lallt geféierlech duerchernee ronderëm a fält bal vum Seel, nëmme fir sech erëm ze fänken an de perfekten dräifache Rittberger mat engem noléissegen Ofgang ofzedinn.

Op Lidder wéi "Bow Down", héiert ee ganz gutt, datt och d’Rhytmussektioun un dësem Spagat tëschent Chaos a Kontroll deelhëlt, dacks mat ongewéinleche Meteren a Synkopen. Dat mécht d’Musek transparent, fléissend, a gestuell éierlech.

Net fir ze soen, datt eng perfekt, mam Computer glat geschniigelt Opnam net och kann eppes ganz Schéines sinn, mee ze dacks kritt een haut een immens perfekt Resultat, dat engem awer näischt doriwwer verréit, wéi et zustane komm ass.

Dat enthält dann näischt méi vun deem emotionalen an och kierperleche Prozess, deen d’Musek-Spillen am Fong ass.

Geese sinn e bësse méi ongewinnt, villäicht och e bësse méi usprochsvoll wéi e Popsong vun The Weekend zum Beispill. Mee si riskéieren och net, Iech mat maschineller Keelt an der gnadenloser Widderhuelung vu Klischeeën op den Nerv ze goen. Wie Rockmusek allerdéngs net gär huet, ass hei warscheinlech falsch. 

Eng Welt am Ëmbroch

De Song "Taxes" ass villäicht deen am evidentst politesch ugehauchten Titel. Ee klengt Zitat heirauser: “If you want me to pay my taxes you better come with a crucifix, you’re gonna have to nail me down.”

Skepsis vis-à-vis vun Hierarchien, jo. Skepsis vis-à-vis vu globale Player, déi d’Politik iwwerhuelen, jo. Ob Steiere bezuelen als Verantwortung elo selwer derwäert ass oder net, steet emol net méi zur Debatt, wann ee mat deenen, déi hir Verwendung bestëmmen, net kann.

An hei léisst de Winter keen Zweiwel drun, datt hien net kann, an datt Amerika am Moment fir hie schlëmmer ass wéi d’Hell, déi hien - wéi hie seet - wuel verdéngt hätt, mee net dat hei. Dofir och den Titel vun der Plack: "Getting Killed". Et denkt een e bëssen un den zum Doud Verurteelten, dee virum Enn nach dee Sproch komme léisst, dee kee vun de Presente jee wäert vergiessen.

Perséinlech kann ech mech mat der Band hirer Manéier, Ouerewuerm-Melodien aus scheinbarem Chaos erop ze beschwieren, ganz gutt identifizéieren. Heiansdo huet een um Enn vun engem haarden Dag d’Gefill, datt trotz vill Chaos wuel iergend eppes Schéines erauskomm ass. An dat Gefill kann ee mat dëser Plack wierklech feieren.