Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E-Bichelchen: D'Meenunge ginn auserneen

Educatioun

E-Bichelchen: D'Meenunge ginn auserneen

Ronn zwee Drëttel vun den 352 Bildungs- a Betreiungsstrukture fir Schoulkanner hunn Accès op d’ e-Bichelchen. Dat elektronescht Bichelche gouf virun engem Joer mat der ugekënnegter “Hausaufgabenhëllef” an de Maison-Relaisen agefouert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Educatioun | © Bigstock / jd8 play_arrow
Foto: Bigstock / jd8

Doriwwer sollen Elteren, Léierpersonal an d'Educateure vu Maison-relaise mat engem nationale System iwwert d'Hausaufgabe vum Kand informéiert ginn. Wann ee mat Leit um Terrain schwätzt, da gëtt ee gewuer, datt et net iwwerall benotzt gëtt.

An der Maison relais „Schoulkauz“ zu Wëlwerwolz ginn d'Hausaufgabe schonn zanter 2011 betreit. Vill hätt sech net geännert. D'Schoul wier nach net bereet d'E-Bichelchen ze benotzen, seet de Marc Thill, Direkter vun der Maison relais:

"Well si mat deem ale System méi zefridde sinn a si gesot hunn, sou laang dat E-Bichelchen net zu honnert Prozent funktionéiert, géife si beim ale System bleiwen."

Bal 1.000 Leit fir Formatiounen ageschriwwen

An der Maison-relais zu Ëlwen gëtt och net vill mam E-Bichelche geschafft. Just eng Klass aus der Ecole fondamentale hätt domat geschafft. Dat wier onglécklech, fënnt d'Sylvie Bourkel, Coordinatrice vun der Maison Relais. Si hätte vun hierem Patron fir d'ganzt d'Haus I-Pads zur Verfügung gestallt kritt, fir mam E-Bichelche kënnen ze schaffen. De Wifi wier och an der ganzer Gemeng verstäerkt ginn, fir iwwerall Accès ze hunn.

"Mat enger Klass hu mer dat gemaach. Dat huet och do Tipptopp funktionéiert."

Fir d'Benotze vum E-Bichelche gëtt zanter der leschter Rentrée eng Formatioun beim IFEN ugebueden. A béide Maison-relaien hätt d‘Ekipp déi gemaach. Bis ewell si ronn 700 Leit vum Betreiungspersonal a bal 300 Dageselteren do ageschriwwen, heescht et vum Educatiounsministère.

Educatiounsminister ass zefridden

D'E-Bichelchen-App gouf am leschte Joer vill erofgelueden, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Hien zitt ee positive Bilan.

"D'E-Bichelche gouf weiderentwéckelt a wäert sech weiderentwéckelen. Mir hunn awer och gesot, mir imposéieren dat net. Wat mir awer gären hätten ass, datt d'Kommunikatioun fléisst."

Deemno wier et och egal ob een déi Kommunikatioun iwwer d'E-Bichelen, dat konventionellt Pabeierbichelen oder aner elektronesch Moyene mécht.

Direkte Kontakt nach ëmmer am beschten

D'Grondschouljoffer a Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW Joëlle Damé verzicht op d'E-Bichelchen.

"Ech schaffen an enger Gemeng, wou mer vill sozial schwaach Elteren hunn. Déi Kommunikatioun funktionéiert nach ëmmer am beschten, wann d'Elteren hir Kanner ofhuele kommen."

Och d'Joëlle Damé seet, datt d'App u sech gutt funktionéiert. Ma den direkte Kontakt géif awer am beschte funktionéieren. 

Lauschterenplay_arrow